Siwe Lëtzebuerger si bei der Universiad dobäi

© Christoph Reichwein / DPA / dpa Picture-Alliance via AFP
Wärend 11 Deeg gëtt op den 32. Spiller vun den Universitären an 19 verschiddenen Disziplinnen ëm d'Medaile gekämpft.
D'Fédération Internationale du Sport Universitaire FISU ass Organisateur vun den 32. Spiller vun den Universitären. Den Event gëtt gehale vum 16. bis de 27. Juli am Rhein-Ruhr-Gebitt (Essen, Bochum, Duisburg, Mülheim an der Ruhr, Hagen a Berlin).
Member vun der FISU ass d'Lëtzebuerger LASEL, an déi huet, an Zesummenaarbecht mam COSL a mat de respektive Federatiounen, 7 Athlete fir déi Spiller nominéiert.
Liichtathletik:
Fanny Arendt - 400m an 800m
Mathis Espagnet - 800m
Ruben Querinjean - 3000m Steeple
Gil Weicherding - 3000m Steeple
Schwammen:
Finn Kemp - 50m Brasse, 100m Brasse, 200m Brasse, 200m Quatre Nages, 400m Quatre Nages
Gymnastik:
Céleste Mordenti
Fechten:
Anna Zens - Epee
De 16. Juli ass an der Duisburg Arena d'Cérémonie d'Ouverture.