Bayern scheitert um PSG an Dortmund u Real

© AFP
E Samschdeg den Owend war et an den USA d'Suite vun de Véierelsfinalle bei der Club-WM am Futtball.
Den Dram vum Titel bei der Club-WM ass fir den FC Bayern geplatzt. Den däitsche Rekordchampion ass am leschte Match mam Thomas Müller an enger héichklasseger Véierelsfinall um Champions-League-Gewënner Paris Saint-Germain gescheitert.
Iwwer déi 90 Minutten ass et tëscht béiden Ekippe monter hin an hier gaangen an et gouf vill gutt Golchancen. D'Goler sinn um Enn awer just op enger Säit gefall an zwar op där vum franséische Champion. Den Doué (78') an den Dembélé (90+6') hunn an der Schlussphas fir d'2:0-Victoire gesuergt. Schonn no der rouder Kaart vum Pacho (82'), deen de Goretzka gefoult hat, haten d'Bayern mam Joker Müller nach emol alles no vir gehäit. E Gol vum Kane, huet wéinst Abseits awer net gezielt. Och den Ex-Münchner Hernandez hat no engem Foul géint de Guerreiro Rout (90+2') gesinn. Mat trotz der zweefacher Iwwerzuel sollt dem FCB bis zum Schluss kee Gol méi geléngen.

© AFP/ROBERTO SCHMIDT
Batter fir d'Ekipp vum Vincent Kompany ass och, datt ee wuel méi laang muss op de Musiala verzichten. No dräi Méint stoung hien e Samschdeg nees eng éischte Kéier an der Startformatioun. No enger Kollisioun mam PSG-Golkipp Donnarumma huet de Musiala sech onglécklech de Fouss verdréint an huet blesséiert missen ausgewiesselt ginn. Däitsche Medien no soll sech de Musiala dat lénkst Been gebrach an un de Bänner blesséiert hunn. Hie géif domadder e puer Méint ausfalen. Déi 60 Milliounen Euro, déi ee vun der Club-WM mat heem hëlt, sinn do nëmmen e schwaachen Trouscht.
Real Madrid eliminéiert Borussia Dortmund
Fir de PSG geet dogéint d'Aventure bei der Club-WM virun. E Mëttwoch um 21 Auer eiser Zäit kritt een et der Halleffinall mat Real Madrid ze dinn. D'Spuenier hu sech mat 3:2 (2:0) géint Borussia Dortmund behaapt.
De BVB hat Real Madrid iwwer wäit Strecken nëmme wéineg entgéintzesetzen. No fréie Goler vu Gonzalo Garcia (10') a Fran Garcia (20') huet et laang no enger souveräner Victoire fir Real ausgesinn. Ma d'Schlussphas sollt et nach emol a sech hunn. No engem Feeler vum Rüdiger konnt de Beier (90+2') an der Nospillzäit op 1:2 verkierzen. Real Madrid huet awer net laang gebraucht, fir eng weider Kéier ze markéieren. Den Mbappé (90+4') huet den Avantage vun zwee Goler nees hiergestallt. Ma de BVB konnt nach e weidere Gol schéissen. No engem Foul an enger rouder Kaart géint den Huijsen huet de Guirassy vum Punkt op 2:3 gesat. Dobäi sollt et dunn awer bleiwen.
Fir Dortmund geet et elo an d'Summerpaus. Si hu sech e Präisgeld vu ronn 45 Milliounen Euro geséchert.
Déi éischt Halleffinall vun der Club-WM gëtt en Dënschdeg den Owend um 21 Auer eiser Zäit gespillt. Géintiwwer sti sech Chelsea aus England a Fluminense aus Brasilien.