Novak Djokovic steet an den Aachtelsfinallen

© AFP
Zanter e Samschdeg den Owend stinn am Tennis beim drëtte Grand Slam vum Joer alleguer d'Aachtelsfinalle fest.
Den Novaj Djokovic huet als drëtten Tennisprofi an der laanger Wimbledon-Geschicht seng 100. Victoire gefeiert. Den 38 Joer ale Serb huet sech géint säi Landsmann Miomir Kecmanovic um Centre Court ouni Probleemer an dräi Sätz mat 6:3, 6:0 a 6:4 duerchgesat a steet domadder fir 17. Kéier a senger Karriär an den Aachtelsfinalle vum Klassiker op Wuess.
Virum Djokovic hate beim eelsten Tennistournoi vun der Welt nach déi néngfach Gewënner Martina Navratilova (120) an den aachtfache Champion Roger Federer (105) déi magesch Grenz vun 100 Victoirë geknackt.
Chancen op den Titel dierf sech och weiderhin d'Nummer 1 op der Welt Jannik Sinner maachen. Den Italieener huet sech e Samschdeg an dräi Sätz mat 6:1, 6:3 a 6:1 behaapt. Keng Probleemer hat e Samschdeg och de Marin Cilic (ATP 65). De Kroat huet a véier Sätz mat 6:3, 3:6, 6:2 a 6:4 géint de Spuenier Jaume Munar gewonnen.
Schonn e Freideg hat sech de spueneschen Titelverdeedeger Carlos Alcaraz (ATP 2) fir d'Aachtelsfinalle qualifizéiert. Dat no engem klore 6:1, 3:6, 6:3 a 6:4 géint de Jan-Lennard Struff aus Däitschland.
Et gouf an der éischter Woch awer och eng Partie Iwwerraschunge bei den Hären. Den Alexander Zverev (ATP 3) ass an der éischter Ronn vum Arthur Rinderknech, engem Qualifikant aus Frankräich, eliminéiert ginn. D'Partie war iwwer fënnef Sätz gaangen an hat véier Stonnen a 40 Minutte gedauert.
De fréien Out war et dann och fir den Italieener Lorenzo Musetti (ATP 7). Och hien ass vun engem Qualifikant, dem Georgier Nikolaz Basilashvili, eliminéiert ginn. Net méi mat dobäi sinn och den Norweeger Holger Rune (ATP 8), de Russ Daniil Medvedev (ATP 9) an de Griich Stefanos Tsitsipas (ATP 23).
Titelverdeedegerin Krejčíková eliminéiert
Bei den Damme war et e Samschdeg den Out vun der Titelverdeedegerin Barbora Krejčíková (WTA 16). D'Tschechin huet an dräi Sätz mat 6:2, 3:6 a 4:6 géint d'US-Amerikanerin Emma Navarro verluer.
Eng Ronn weider ass d'Nummer véier op der Welt Iga Swiatek. D'Polin huet d'US-Amerikanerin Danielle Collins an zwee Sätz mat 6:2 a 6:3 eliminéiert.
An den Aachtelsfinalle steet och d'Nummer 1 op der Welt Aryna Sabalenka. Schonn e Freideg hat d'Belarussin géint d'Brittin Emma Raducanu (WTA 40) an zwee Sätz mat 7:6 (8:6) a 6:4 gewonnen.
Och bei den Damme gouf et an der éischter Woch weider Iwwerraschungen. Net méi mat dobäi ass d'Japanerin Naomi Osaka (WTA 49). D'US-Amerikanerin Madyson Keys (WTA 7) huet onerwaart géint d'Laura Siegemund aus Däitschland verluer.
Fir d'Nummer 2 op der Welt Coco Gauff aus den USA war schonn an der éischter Ronn géint d'Ukrainerin Dayana Yastremska Schluss. D'nämmlecht ass et och hirer Landsfra Jessica Pegula gaangen. D'Nummer dräi op der Welt war der Italieenerin Elisabetta Cocciaretto ënnerleeën.
Den Iwwerbléck vun allen Aachtelsfinallen
Hären
Jannik Sinner vs Grigor Dimitrov
Ben Shelton vs Lorenzo Sonego
Marin Cilic vs Flavio Cobolli
Alex de Minaur vs Novak Djokovic
Taylor Fritz vs Jordan Thompson
Karen Khachanov vs Kamil Majchrzak
Nicolas Jarry vs Cameron Norrie
Andrey Rublev vs Carlos Alcaraz
Dammen
Aryna Sabalenka vs Elise Mertens
Solana Sierra vs Laura Siegemund
Linda Noskova vs Amanda Anisimova
Sonay Kartal vs Anastasia Pavlyuchenkova
Ekaterina Alexandrova vs Belinda Bencic
Mirra Andreeva vs Emma Navarro
Iga Swiatek vs Clara Tauson
Liudmila Samsonova vs Jessica Bouzas Maneiro