Theo Marti gëtt Lëtzebuerger Champion
Bei den Damme ass den Titel fir d'Anne Hilger. Insgesamt 138 Triathleeten an Triathleetinnen hate sech zu Iechternach op d'olympesch Distanz gemaach.
Den Iechternacher Triathlon ass all Joer och d'Plaz fir d'Lëtzebuerger Meeschterschaften. Dës Kéier konnt sech den Theo Marti bei senger éischter Participatioun iwwer d'olympesch Distanz (1,5 km Schwammen, 40 km Vëlo, 10 km Lafen) direkt de Championstitel sécheren. De Poli Stoffel huet laang Zäit gutt matgehalen, mee beim Lafen huet hie mussen ofrappe loossen, well hien e Flëssegkeetsmangel hat a sech nach sou just iwwer d'Zillinn gerett krut. De Mike Heuschling gouf Drëtten.
Bei den Damme gouf d'Anne Hilger Lëtzebuerger Championne. Dat well d'Haitske Overbeek net d'Lëtzebuerger Nationalitéit huet. Si gouf dofir mam Titel Championne de la Fédération geéiert.
Och an de Jugendkategorien erlieft den Triathlon e Boom. 90 Participanten haten un de Kanner-Editiounen deelgeholl. Mee domat ginn och nei Erausfuerderungen anhier: genuch Traineren an Infrastrukture fannen.