Norwegen qualifizéiert sech fir d'1/4-Finallen

© AFP
Norwegen huet géint Finnland och den zweete Match bei der Futtball-EM gewonnen. Fir d'Schwäiz gouf et déi éischt Victoire.
E Sonndeg den Owend gouf op der Futtball-EM vun den Dammen am Grupp A gespillt. Nom 2. Spilldag steet fest, datt Norwegen sech als éischt Ekipp fir d'Véierelsfinalle qualifizéiert huet. D'Norwegerinnen hunn och hir zweet Partie gewonnen an dat mat 2:1 géint Finnland. Am zweete Match gouf et eng 2:0-Victoire fir d'Schwäiz géint Island. Island ass domadder eliminéiert. Fir Finnland an d'Schwäiz geet et um leschte Spilldag am direkten Duell ëm den Ticket fir déi nächst Ronn.
Am éischte Match e Sonndeg stounge sech Norwegen a Finall géintiwwer. Et war de Match tëscht de Gewënner vum éischte Spilldag am Grupp A. Norwegen hat sech géint d'Schwäiz duerchgesat a Finnland hat Island geklappt. Am zweete Match sollt sech Norwegen duerch e spéide Gol 2:1 géint Finnland duerchsetzen.
De Match war keng 120 Sekonnen al, do hat et schonn am finnesche Gol gerabbelt. En Eegegol vum Nyström huet Norwegen fréi a Féierung bruecht. Si konnt eng schaarf Flank net richteg deviéieren an de Ball ass am Gol gelant. Am weidere Verlaf hat Norwegen e puer Chancen, de Score ze erhéijen. Mee och d'Finninnen haten hir Chancen a konnten eng dovun an der 32. Minutt zum Ausgläich notzen.
Am zweeten Duerchgang war et net dacks eng kuckenswäert Partie, mee d'Spannung war ëmmer do. Béid Ekippen hu sech Chancen erausgespillt, mee just eng dovu sollt den decisive Gol bréngen. An der 84. Minutt huet sech d'Hansen am 16-Meter-Raum duerchgetankt a konnt hire Schoss mat Hëllef vum Potto zum 2:1 erasetzen. Wat och d'Shlussrsultat sollt sinn.
An der zweeter Partie vum Dag huet sech d'Schwäiz mat 2:0 géint Island behaapt. No der Néierlag géint Finnland ass et fir d'Schwäiz deen éischte Succès bei der EM virun der eegener Hausdier. D'Islännerinnen dogéint hunn zweemol verluer a sinn eraus.
Bis zur éischter Chance hat et nëmme 46 Sekonne gedauert. No engem laangen Aworf vum Jonsdottir hat d'Sigurdadottir per Dropkick d'Lat getraff. Duerno huet sech de Match haaptsächlech tëscht de Strofraim ofgespillt, ëmmer nees hunn Ongenauegkeete geféierlech Chancë verhënnert. Kuerz virun der Paus gouf et nach eng méi geféierlech Aktioun op Säite vun Island an der zwou op Säite vun der Schwäiz, ma kenger Ekipp sollt e Gol geléngen.
Och déi zweet Hallschent huet mat engem Schoss un d'Lat fir Island ugefaangen. D'Vilhjalmsdottirs war an der 48. Minutt mat engem direkte Fräistouss un der Lat hänke bliwwen. Direkt am Géigenzuch gouf et eng gutt Chance fir d'Schwäiz duerch d'Fölmli. Duerno ass Partie nees intensiv, awer ausgeglach verlaf. An der 76. Minutt hunn d'Spectateuren dunn endlech deen éischte Gol gesinn. D'Reuteler huet dem Runarsdottir am Gol vun Island keng Chance gelooss an op 1:0 fir d'Schwäiz gesat. An der 90. Minutt ass dunn d'Decisioun gefall. D'Pilgrim huet vun der Strofraumgrenz mat engem ofgefälschte Schoss an den Eck fir den 2:0 an d'Victoire gesuergt.