Déi éischt Editioun vun der FIFA-Club-WM huet d'Leit manner an d'Stadie gelackelt, wéi sech d'Organisateuren dat erwaart haten.

Vum 13. Juni bis den 13. Juli gëtt an den USA déi éischt Editioun vun der FIFA-Club-Weltmeeschterschaft ausgedroen. Et ass de Liblingsprojet vum FIFA-President Gianni Infantino, deen net midd gëtt, dëst Event ze luewen. Mee wou Liicht ass, ass och Schiet.

2026 wäerten d'USA mat Mexiko a Kanada d'Futtball-Weltmeeschterschaft ausdroen. D'Club-WM ass also eng gutt Geleeënheet, fir d'Infrastrukturen engem Stresstest ze ënnerzéien. Dat geléngt den Organisateure gréisstendeels gutt. Mee et haakt op engem anere Punkt: dem Intressi vun de Leit.

An den éischte Matcher vun dëser neier Weltmeeschterschaft, wou sech Ekippe vun alle siwe Kontinenter (Asien, Afrika, Europa, Australien, Ozeanien, Nord- a Südamerika) duelléieren, ware vill Stadien zum groussen Deel eidel. Dat huet och e Grond. D'FIFA hat de Verkafspräis fir Ticketen am Virfeld immens héich ugesat, well een dovun ausgaange war, dass vill Leit d'Staren aus der ganzer Welt gesi wéilten. Do hat de Wiert d'Rechnung awer ouni de Client gemaach. Bei Präisser vun ursprénglech bis zu 500 $ pro Ticket fir Matcher an der Gruppephas, Aachtelfinall oder Véierelfinall hunn d'Supporteren a virun allem déi lokal Awunner net matgemaach. Dat huet dozou geféiert, dass Deeler vun de Stadien dacks ganz eidel waren oder  grouss Lächer op den Tribünen ze gesi waren.

Schonn no den éischte Matcher an der Gruppephas huet d'FIFA reagéiert an e sougenannt "Dynamic Ticket Pricing" agefouert, wouduerch Ticketspräisser ëm bis zu 97 Prozent méi bëlleg goufen. Fir d'Halleffinall PSG géint Real Madrid gouf de bëllegsten Ticket bannent 72 Stonne vu 473,90 op 13,40 $ erofgesat. Och op d'Präisser fir d'Finall huet dëse System schonn Auswierkungen. Amplaz vun den ugestriefte véierstellegen Zomme fir een Ticket, kann een elo scho fir knapp 300 $ en Ticket kréien.

Als Verglach: D'Präisser fir Iessen a Gedrénks an de Stadie leie bei 14 $ fir e Béier a 15 $ fir e Bréitchen.

Nieft dësem dynameschen Ticketing-System huet d'FIFA nach mat anere Moossnamen op de mangelnden Interessi am amerikanesche Public reagéiert. Wéi een et virun allem aus Halesportaarte kennt, sinn d'Spectateuren ab den zweete Matcher an der Gruppephas an Zone regruppéiert ginn a krute souguer besser Plazen ugebuede wéi déi, déi si sech kaaft haten. Domat hunn d'Tribüne méi voll ausgesinn.

Eng weider Moossnam - déi een nees aus Sportaarte wéi Handball, Volleyball oder Basketball kennt - war d'Offer vu Gratis- oder méi bëllegen Tickete fir Kanner a Studenten aus Schoulen an Universitéiten. Oder och fir Familljen. Zu Miami krute Studente vun engem College Tickete fir 20 € ugebueden. Och Fräiwëlleger an de Stadie konnten op den Tribüne Plaz huelen amplaz stoen ze mussen.

Déi Deeg huet d'FIFA matgedeelt, dass am Schnëtt 36.000 Zuschauer d'Matcher op der Plaz suivéiert hunn. Dat si méi wéi 2 Milliounen Zuschauer insgesamt. Wann een awer kuckt, wéi vill Spectateuren an d'Stadie passen, stellt ee fest, dass eleng aacht vun den zwielef Stadie Plaz fir méi wéi 60.000 Leit bidden. Doduerch entfalen der FIFA erwaart Recetten a Milliounenhéicht.

Wéi d'Sportschau gemellt huet, soll dofir Saudi-Arabien duerch säi Staatsfong an aner Invester asprangen a fir déi néideg Sue suergen.