E Samschdeg gouf am nationalen Handball deen éischten Tour vun der Coupe de Luxembourg bei den Hären an den Dammen ausgeloust.

De 4. oder 5. Oktober kritt et bei den Hären ënner anerem de Champion Déifferdeng auswäerts mam HB Leideleng ze dinn, den Handball Esch spillt zu Miersch, de Coupe-Gewënner Bierchem an den HB Diddeleng hunn als Finaliste vum leschte Joer ee Fräilous.

Bei den Damme spillt den Chev Dikrech am éischten Tour géint Miersch an den HC Réiden krit Besuch vun der Entente Bieles / Schëffleng. De Coupe-Gewënner HB Diddeleng, de Champion Käerjeng, Esch, de Museldall, d'Red Boys an de Standard hunn am éischten Tour ee Fräilous.