International Kompetitioun am Aarmdrécken

© Luxembourg Armwrestling Federation
D'Luxembourg Armwrestling Federation huet a 7 verschiddene Kategorien déi Persoun mam stäerksten Aarm gesicht.
Um 13.30 Auer goung et lass an der Sportshal zu Mënsbech. Déi 7 Kategorië waren nach emol a verschidde Gewiichtsklassen ënnerdeelt.
Aus Lëtzebuerger Siicht gouf et déi heiten Highlighten:
Éischt Plaz rietsen Aarm -95kg Senior Pro: Roman Bogdan
Éischt Plaz rietsen a lénksen Aarm Sub Junior -70kg: Alessandro Roman
Éischt Plaz lénksen Aarm Junior -85kg: Roman Christian
Drëtt Plaz Senior Pro -105kg: Sean Grethen
Zweet Plaz rietsen a lénksen Aarm Senior 105kg: Adrian Lutai
Weider Informatiounen op der Facebooksäit vum der LAF, an op YouTube.