Lëtzebuerger Hären- an Dammennationalekipp am Asaz

© FLT
Zanter e Méindeg bis e Sonndeg ass zu Madrid a Spuenien d'Europameeschterschaft am Padel.
An der Phas 1 kritt et d'Dammennationalekipp vun e Méindeg bis en Donneschdeg am Grupp A mat Kroatien an der Ukrain ze dinn. D'Häre spillen am Grupp D géint Finnland, Rumänien an Andorra. Den Éischtplacéierte vun all Grupp qualifizéiert sech fir d'Phas 2, déi vun e Freideg bis e Sonndeg gespillt gëtt.
Den Nationaltrainer Enric Batalla huet dës Spiller fir d'EM selektionéiert:
Dammen: Céline François, Claudine Schaul, Laurence Maringer, Natasha Feidt, Jo Weisen, Ari Ceccaroni, Walquiria Bley, Caroline François
Hären: Tom Maquel, Mederic Thill, Elie-Noé Nicolay, Alex Marinov, Clément Pelt, Maxime Moersch, Ahmed Youssef, Frank Eicher
Begleet gëtt d'Ekipp vum Jemp Felgen, Laure Felgen a Joël Ferreira (Kiné).
Weider Informatiounen fannt Dir um Site vun der internationaler Padel Federatioun FIP.