Häerzkreeslafkrankheete maachen zesumme mam Kriibs iwwer 50 Prozent vun den Doudesfäll zu Lëtzebuerg aus.

Kierperlech Aktivitéite kënnen nogewisen net just de Risiko vun Häerzerkrankunge méi kleng maachen, mee gëlle souguer als komplementar Therapie no engem Infarkt. 150 Minutte Sport d'Woch gi vun der WHO souguer recommandéiert. Dobäi fält grad dat ville Patienten net einfach.

D’Danielle Keup hat mat 47 Joer een Häerzinfarkt. “Ech drénken net, ech fëmmen net, ech hu mech eenegermoosse gutt ernäert, ech hu bësse Sport gemaach, dat eenzegt, ech hat immens vill Stress op der Aarbecht.”. Am Spidol kritt si zwee Stenten gesat, medezinesch Implantater, déi dofir agesat ginn, fir verengte Bluttgefäässer opzehalen. “Ech koum dunn an d’Reeducatioun a gouf dunn heem geschéckt, dass ech soll no menger Gesondheet kucken", erënnert sech d'Danielle Keup.D’Reeducatioun vun Häerzpatienten ass an dräi Phasen agedeelt, an der drëtter Phase soll de Patient selbststänneg Sport an säin Alldag integréieren.

Fir d’Danielle Keup war dat awer mat villen Ängschte verbonnen. “Ech hat awer Angscht fir Sport ze maachen an der Reeducatioun, war een ëmmer betreit. Et war een Dokter do, et war ee Kiné do an doheem hunn ech mech mol am Fitnessclub ugemellt,  well ech du gefaart hunn, ech géif mech ze vill ustrengen. Ech géif mäin Häerz ze vill ustrengen. Oder ech géif mech net genuch ustrengen, dass et näischt géif bréngen." Si hat och Angscht, eleng Sport ze maachen an enzwousch een Häerzinfarkt ze kréien, wou keen hir hëllefe kéint.

Zanter 6 Joer ass d’Danielle Keup dofir elo beim ALGSC, der Assocation luxembourgeoisedes groupes sportifs pour cardiaques. Si ass do éischter duerch Zoufall dovunner gewuer ginn a mëttlerweil souguer am Comité aktiv. Virun allem de Nordic Walking huet si fir sech entdeckt. “Dat muss elo kee Leeschtungssport sinn, mee egal wat fir ee Sport ass gutt fir d’Häerz. D'Häerz ass jo ee Muskel, also alles mécht Sënn fir dat ze maachen. An och elo an engem normale Rhythmus an ech muss soen, dat deet engem gutt. Ech maache jo och elo säit 6 Joer Sport, et mécht mir Freed, et mécht Spaass an et deet mir gutt."

D'Sportsaktivitéite sinn encadréiert, dat heescht engersäits passen d'Moniteuren op, hir Seancen esou ze gestalten, dass d'Häerzpatienten dovunner profitéieren, awer sech och net iwwer ustrengen. An anerersäits ass och ëmmer medezinescht Personal op der Plaz, fir de Gesondheetszoustand vun alle Participanten am Aen ze behalen.

D'Danielle Keup ass eigentlech net déi typesch Risikopatientin: “Och als Fra mengt een ëmmer, dass esou eng typesch Männerkrankheet." Bei hir wär et de Stress gewiescht, dee verursaacht huet, dass ee Koronargefäss agerass ass. Dacks sinn dovunner méi jonk Frae betraff, erkläert de Cardiologe Dr. Jeff Thiel: “Dat ass een Event, dat ee kaum virausgesi kann, wat och zu enger akuter Duerchbluddungsstéirung vum Häerzmuskel féiert an domadder zum Häerzinfarkt.” Et ginn och Koronaranomalien, déi vu Gebuert u bestinn a bei intensiver sportlecher Aktivitéit kënnen zu engem Infarkt féieren. Mee den Haaptdeel vun den Häerz-Kreeslaf-Krankheeten ass awer op déi klassesch Risikofacteuren zeréckzeféieren. “Do ginn et typesch Risikofacteuren: De Blutthéichdrock, den Diabète, d’Fëmmen, d’Iwwergewiicht, Lipidstéierungen, notamment den héije Cholesterol kënnen dat begënschtegen. An dat ass souwuel bei der Fra a beim Mann d’selwecht. “, erkläert den Dr. Jeff Thiel.

Sport ass wichteg fir d’Preventioun, well kierperlech Aktivitéit och bei deene meeschte Risikofacteuren, wéi zum Beispill dem Iwwergewiicht hëllefe kann. Mee et gëtt och als komplementar Therapie gesinn. Och wann dat um Terrain net ëmmer ëmgesat gëtt. “Et si Studien, déi beleeën, dass 60 Prozent vun de Leit mat kardiovaskulären Erkrankunge keng sportlech Aktivitéit oder kierperlech ustrengend Aktivitéit vollriichten oder ee gewësse  kierperlechen Aktivitéitsniveau halen, fir kënne gesond ze sinn. An dat ass am Fong eng frappanten Zuel.”, seet de Jérôme Camerlynck. Hien ass responsabele Moniteur beim Groupe Cardiaque zu Ettelbréck an haaptberufflech Kiné. Et muss ee keen Häerzinfarkt gehat hunn, fir kënne matzemaachen. Déi eenzeg Viraussetzung ass een Zertifikat vum Dokter.

All Dag kann een un enge vun den encadréierte Sportsaktivitéiten deelhuelen. Et sinn iwwer 500 Leit bei der Associatioun ageschriwwen. Wat vill Leit och motivéiert, wär de Communitéitsgedanken. Si hunn all dat selwecht duerchgemaach, dat verbënnt. De Patrick Wagner huet 2008 als Patient ugefaangen an ass mëttlerweil och Moniteur vum Vëlosgrupp:“D'Motivatioun ass, dass ech immens gäre Vëlo fueren an, dass mir ee super Grupp hunn. Wou mir eis immens gutt ënnertenee verstinn. Mir fuere souguer zesummen an d'Vakanz."

Den ALGSC ass viru bësse méi wéi 40 Joer vun dräi Kardiologe gegrënnt ginn.  Zu där Zäit war den Ëmgang mat häerzkranke Mënschen nach ee ganz aneren. D’Leit sinn éischter geschount ginn. Haut weess een, wéi wichteg de Contraire ass.