
Et sollt dem Novak Djokovic seng 25. Victoire bei engem Grand-Slam-Tournoi ginn. Den aktuellen Éischten an der Weltranglëscht hat awer eppes dogéint. De Jannik Sinner konnt sech ouni all ze grouss Problemer an 3 Sätz mat 6:3, 6:3 a 6:4 géint de Serb duerchsetzen. Domat verpasst den Djokovic seng siwente Wimbledon-Finall hannerteneen.
Fir de Sinner ass et déi éischte Finall op der Church Road. Hien trëfft e Sonndeg op de Carlos Alcaraz a kann do Revanche huele fir d’Néierlag vu viru 5 Wochen zu Paräis. An der Finall vun de French Open haten déi Zwee sech scho géintiwwer gestanen. Den Italiener konnt seng leschte fënnef Partië géint de Spuenier net gewannen.
De Carlos Alcaraz hat sech an der éischter Halleffinall a véier Sätz mat 6:4, 5;7, 6:3 a 7:6 géint den US-Amerikaner Taylor Fritz behaapt.