Tennis Spora an TC Schëffleng gewannen d'SEAT League

© FLT
E Samschdeg goufe beim TC Nordstad d'Finalle vum Interclub-Championnat ausgedroen. D'Schéiss stoung zweemol an der Finall, huet awer keen Titel kritt.
Bei den Damme konnt sech d'Spora mat 5:3 géint den TC Arquebusiers (d'Schéiss) duerchsetzen.
D'Marie Weckerle hat hiren éischte Match géint d'Augustina Chlpac an zwee Sätz verluer an och d'Lucie Rabiot huet géint d'Laura Palumbo de Kierze gezunn. En denkbar schlechte Start fir d'Spora. Nodeem och d'Eleonora Molinaro de véierte Match géint d'Mandy Minella verluer hat, louch d'Schéiss 3:1 vir. D'Spora konnt d'Dubbel-Matcher awer fir sech entscheeden a goung als Gewënner vum Terrain.
An der Häre-Kompetitioun goung den Titel no enger 7:5-Victoire géint d'Schéiss un den TC Schëffleng. No 4 Matcher, déi jeeweils an 2 Sätz entscheet waren, hat et 2:2 gestanen. De 5. a 6. Matcher sollten iwwer dräi Sätz goen, an trotzdeem stoung et duerno 3:3.
D'Entscheedung ass eréischt am 9. Match gefall a sou konnt den TC Schëffleng, mam Alex Knaff an der Ekipp, den Titel feieren.