Déi Däitsch louchen zwar a Féierung, hunn dunn awer de Fuedem verluer. Am zweete Match klappt Polen Dänemark 3:2 a feiert en historesche Moment.

Um leschte Spilldag vun der Grupp C huet Däitschland d'Gruppevictoire verpasst, steet trotzdeem an der Véierelsfinall. D'Ekipp vum Trainer Christian Wück war Schweden1:4 ënnerleeën. Polen huet de Match ëm Plaz 3 mat 3:2 géint Dänemark fir sech entscheet.

Däitschland hat eigentlech de perfekte Start erwëscht. No 7 Minutte konnt d'Jule Brand de Ball am schweedesche Gol ënnerbréngen. Mee knapp 5 Minutte méi spéit ass Schweden no engem Konter den Ausgläich gelongen. Uschléissend huet Däitschland d'Kontroll iwwer de Match lues a lues verluer an huet sech an der 25. Minutt den zweete Gol gefaangen.

Et sollt awer nach méi déck fir déi Däitsch kommen. An der 32. Minutt ware si just nach zu Zéng a krute gläichzäiteg en Eelefmeter géint sech. D'Fridolina Rolfö huet dësen zum 3:1 eragesat. An der zweeter Hallschent huet Schweden Däitschland net méi an de Match komme gelooss an huet de Pressing héich gehalen. An der 80. Minutt konnt Schweden nach e véierte Gol dropsetzen a schléisst d'Gruppephas als Tabellenéischten of.

Am anere Match vun der Grupp C huet Polen de Match vun deenen Ekippen, déi bis elo keng Victoire feiere konnten, 3:2 géint Dänemark gewonnen. D'Polinne louche fréi 2:0 vir an hätte virun der Paus nach en drëtte Gol noleeë kënnen. Dänemark huet einfach ze vill Feeler am Opbau produzéiert.

Och nom Säitewiessel huet sech dat selwecht Bild gebueden, bis Dänemark iwwerraschend zum Uschloss koum. An der 70. Minutt gouf den Ausgläich vun den Däninnen duerch de VAR annuléiert a Polen huet kuerz drop op 3:1 gestallt. D'Skandinavierinnen hu sech awer net opginn a konnte kuerz viru Schluss nach e Gol markéieren. Fir e Gläichspill sollt et awer net méi duergoen. Fir Polen ass et déi éischt Victoire iwwerhaapt bei enger Europameeschterschaft.

All d'Tabellen am Iwwerbléck