Vum 12. bis den 20. Juli gëtt a Georgien d'Championship vun den U19-Dammen ausgespillt. D'Nowuess-Léiwinne si gutt an d'Kompetitioun gestart.

Mat engem däitlechen 33:21‑Erfolleg géint Israel ass d'Lëtzebuerger U19‑Nationalekipp an d'Championship vun den Damme gestart. An der Championship trieden opstriewend Natioune géinteneen un, wärend déi gestanen Ekippe eng Europameeschterschaft ausspillen. Obwuel 10 Ekippen dobäi sinn, spillt all Natioun just véier Matcher, duerno kommen d'Placéierungsmatcher.

Am Kader vun de Lëtzebuergerinne stinn och vill Dammen, déi schonn an der Seniorsekipp vun hire Veräiner (ë.a. Käerjeng, Diddeleng, Déifferdeng, Museldall) an den Asaz kommen.

D'Ufanksminutte ware vun Nervositéit op béide Säite gepräägt. Eréischt an der drëtter Minutt konnt d’Moira Avallone den éischte Goal an der Partie markéieren. Israel huet schwéier an de Match fonnt a konnt eréischt an der 5. Minutt den éischte Treffer géint eng staark opgeluecht Maëva Huberty am lëtzebuergesche Gol markéieren.

Am weidere Verlaf vun der éischter Halbzeit hat Lëtzebuerg d'Kontroll a konnt sech lues a lues ofsetzen. Ab der 15. Minutt gouf et eng dominant Phase: Just ee Géigegol krut d'Verteidegung bis an d'Paus geworf, wärend am Ugrëff eng impressionant 8:0‑Serie gelongen ass. Mat enger klorer 17:9‑Féierung goung et an d'Kabinn.

Och an der zweeter Hallschent huet d'Ekipp vun der Trainerin Tina Welter näischt ubrenne gelooss. Zwar konnt Israel an der 34. Minutt nach op fënnef Goler verkierzen, mä eng weider 4:0‑Serie huet schlussendlech all Hoffnunge vum Géigner zerstéiert. De Virsprong ass op néng, spéider souguer op zwielef Goler gewuess – en Ecart, dee bis zum Schluss Bestand hat.

Besonnesch ervirzehiewen ass déi staark Leeschtung vun der Maëva Huberty am Gol, déi 43 Prozent vun de Wërf gehalen huet an hirer Ekipp de Réck fräigehalen huet. Och offensiv war et eng geschlossen Ekippeleeschtung: eelef Spillerinne konnte markéieren. Bescht Werferinne waren d’Moira Avallone mat sechs a d’Laura Ciufoli mat fënnef Goler.

Am zweete Gruppematch trëfft Lëtzebuerg e Sonndeg um 20:30 Auer op Italien, D'Leeschtung aus dem éischte Match mécht definitiv Hoffnung op e weidere gelongenen Turnéierverlaf. D’Matcher kann een op ehftv.com kucken.