De Weekend waren am Stade Josy Barthel d'Competitioune vun der Coupe an der Liichtathletik bei den Dammen an den Hären.

Den Optakt gemaach haten e Samschdeg d'Hären. Am Ekippeklassement konnt hei keen den CSL aus Stad vum Troun stoussen. Mat am Ganze 16,508 Punkte stoung een um Enn virum CAB (15,914) vu Bieles an dem CAD (15,249) vun Diddeleng. Victoirë fir den CSL gouf et ënner anerem op de 400m, den 110m Hecken, der 4x100m a 4x400m Staffel, am Speerwerfen an am Bommstoussen.

Och am Ekippeklassement vun den Damme stoung e Sonndeg um Enn de Stater Veräin CSL mat 12,582 op der éischter Plaz, dat virum CAD (11,586) an der Fola (11,254). Fir den CSL gouf et op der Lafpist ënner anerem Victoiren an der 4x400m a 4x100m Staffel, sou wéi op den 100m, 100m Hecken, 200m, 400m, 1500m an den 3000m. Och am Wäitsprong hat de Veräin aus der Stad d'Nues vir.