Neie Spectateur-Rekord a Gruppephas vun der Futtball-EM bei den Dammen

© AFP / Sebastien Bozon
An der Gruppephas goufe 461.582 Spectateure gezielt. En neie Rekord fir eng Europameeschterschaft vun den Dammen.
Zanter dem 2. Juli leeft an der Schwäiz d'Futtball-EM bei den Dammen. Wéi d'UEFA elo matgedeelt huet, sinn an de 24 Partië vun der Gruppephas am Ganze 461.582 Spectateuren duerch d'Keese gaangen, woubäi de Stadion och 22 Mol ausverkaf war. Am Duerchschnëtt mécht dat eng Zuel vun 19.233 Spectateure pro Match. Déi meescht Leit op den Tribüne gouf et beim Match tëscht Däitschland an Dänemark mat 34.165. Dës Zuele confirméieren op en Neits den Interessi um Futtball vun den Dammen, deen an de leschte Joren ëmmer weider an d'Luucht gaangen ass.
Vun e Mëttwoch u geet et da weider mat de 1/4-Finallen. Den Optakt mécht hei d'Partie tëscht Norwegen an Italien. Duerno geet et weider mat Schweden géint England, Spuenien géint d'Schwäiz a Frankräich géint Däitschland.