De Swift Hesper däerf nees Spiller rekrutéieren

© RTL (Archiv)
De Weltfuttballverband FIFA hat de Veräin vum Holleschbierg Mëtt Mee zu enger Strof vu 6 Transfertperiode verurteelt.
D'FIFA kann esou Strofe verdeelen, wann zum Beispill Spiller géintiwwer dem Weltfuttballverband geklot hunn, hir Salairen net all kritt ze hunn, respektiv ee Veräin géint finanziell Virschrëfte verstouss huet.
Virun engem Joer hat d'Gewerbeinspektioun ITM de Swift donieft u enger Geldstrof vun insgesamt 4.000 Euro verurteelt. Fënnef Plainte waren erakomm, well Hesper iwwer e puer Méint keng Salairë soll bezuelt hunn.
De Veräin vum Holleschbierg hat och keng UEFA-Lizenz krit. D'Spär vu 6 Transfertperiode gouf opgehuewen an Hesper däerf elo nees Spiller rekrutéieren.
Déi national Transfertperiod geet de 15. Juli op en Enn. Duerno kann de Swift nëmmen nach Transferten aus dem Ausland maachen. Am Summer hunn eng Rëtsch Spiller wéi ënner anerem den Dominik Stolz, de Ricardo Delgado an de Geordan Dupire Hesper verlooss.