No 15 Joer geet d'Ära vum Luc Holtz um Enn vun dësem Joer bei de Roude Léiwen op en Enn. Wie soll seng Relève iwwerhuelen?

En Dënschdeg konnt Dir eis Är Kandidaten eraschécken. Iwwer 400 Propose sinn erakomm, dorënner souwuel national wéi international Traineren. Mir hunn iech d'Topp 10, vun deene meeschte bis déi mannste Stëmmen, zesummegefaasst.

  • Jeff Saibene: Déi meescht Stëmme krut de fréieren Trainer vun ënner anerem Bielefeld, Ingolstadt a Kaiserslautern. Aktuell trainéiert de fréieren Nationalspiller d'U21 vum Servette FC an der Schwäiz.

  • Jeff Strasser: No senge Statioune bei der Escher Fola, Kaiserslautern, Hesper an der Jeunesse huet de fréiere Kapitän vun de Roude Léiwen aktuell kee Veräin. Fir d'Lescht huet de Jeff Strasser de Progrès Nidderkuer trainéiert, mat deenen hien d'lescht Joer d'Coupe gewonnen huet. 

  • Mario Mutsch: De fréiere Profi vun ënner anerem Metz a Sankt Gallen kennt d'Haus zu Monnerech an d'A-Nationalekipp ganz gutt. Aktuell ass hien de Co-Trainer vum Luc Holtz, donieft awer och Trainer vun der U19-Nationalekipp. 2017 konnt hie sech mat der U17 fir d'Europameeschterschaft an Israel qualifizéieren.

  • Manuel Cardoni: Komplettéiert gëtt d'Quartett vun de fréieren Nationalspiller vum Manuel Cardoni. No senger Statioun zu Rëmeleng gouf hien U21- an U19-Nationaltrainer. Zanter 2021 ass de "Man" techneschen Direkter vun der Lëtzebuerger Futtballfederatioun.

  • Dino Toppmöller: Den éischten internationalen Trainer an dësem Ranking ass zu Lëtzebuerg keen Onbekannten. Nodeems sech den Dino Toppmöller 2018 an 2019 mat Diddeleng zweemol hannertenee fir d'Europa League qualifizéiert huet, goung säi Wee iwwer Virton, Leipzig a Bayern München op Frankfurt. Datt de fréiere Stiermer d'Eintracht fir d'FLF-Selektioun géing verloossen, ass éischter onwarscheinlech. Säi Kontrakt gouf réischt rezent bis 2028 verlängert.

  • Jürgen Klopp: D'lescht Joer huet de "Kloppo" dem FC Liverpool an dem Trainerstull de Réck gedréint. Zanter Ufank dës Jores ass den Däitsche Global Sports Director vun der Firma Red Bull. Aktuell denkt de Jürgen Klopp, wéi hien a verschiddenen Interviewe betount huet, nach net un ee Comeback als Trainer.

  • Raphael Duarte: Vu Kanech iwwer Nancy, Elversberg a Bremen op den Trainerstull vun der FLF-Selektioun? Dat wier eng remarkabel Geschicht. De Raphael Duarte ass awer réischt zanter dësem Summer mam Horst Steffen op Bremen gewiesselt. Een Engagement bei de Roude Léiwe wier duerchaus iwwerraschend, awer och éischter onwarscheinlech.

  • Dan Huet: Eng weider intern Léisung wier den Dan Huet. Momentan trainéiert de gebiertegen Éisleker d'U21-Nationalekipp. No enger gudder EM-Qualifikatioun, an där déi jonk Rout Léiwen 8 Punkte gesammelt hunn, kritt et d'FLF-Selektioun an der nächster EM-Quali ënner anerem mat Frankräich an der Schwäiz ze dinn.

  • Carlos Fangueiro: Ouni Veräin ass aktuell och de fréieren Trainer vun ënner anerem Diddeleng an Hesper. No senge Statiounen a Portugal bei Leixões a Paços Ferreira wier de Carlos Fangueiro deemno um Marché.

  • Joachim Löw: Zanter véier Joer trainéiert de "Jogi" net méi déi däitsch Nationalekipp. Den däitsche Weltmeeschtertrainer vun 2014 huet awer säi Comeback annoncéiert. Ob dat eventuell bei de Roude Léiwe kéint sinn, ass nach onkloer. 

Donieft goufen awer och ënner anerem eis RTL-Kolleege Franky Hippert an de Jeff Kettenmeyer vun Iech an d'Spill bruecht. Ob de Franky säi Formel-1-Cockpit an de Jeff säi Commentateur-Stull am Stade de Luxembourg fir den Job als Nationaltrainer géingen tauschen, ass nach net gewosst.

A wéi fern déi Lëtzebuerger Futtballfederatioun dëse Ranking consideréiert, steet nach an de Stären.

Mä sot Dir eis, wie fir iech den neien Nationaltrainer soll ginn. Wien ass Ärer Meenung no dësen Ufuerderunge gewuess? Dir kënnt ofstëmmen!