Englesch Futtball-Spillerinne gi geéiert

© Ben STANSALL / AFP
Zu London goufen déi englesch Futtball-Spillerinnen no hirem EM-Succès vun der Regierung an der Downing Street empfaangen a geéiert.
De Rouden Teppech war virun der Residenz vum brittesche Premier ausgerullt an an de Fënsteren houngen englesch Fändelen.
D’Vizepremierministesch Rayner an d’Sportsministesch Peacock hunn d’"Lionesses" empfaangen. De Premier Starmer war a Schottland bei engem Treffe mam US-President Trump, mä huet awer live iwwer Videocall gratuléiert.
D’Gefeiers goung och weider. Um Dënschdeg war eng grouss Parade mat oppene Bussen duerch den Zentrum vu London, ier et du fir d'Ekipp a Richtung Buckingham Palace goung. Eng 65.000 Fans waren der Englescher Futtball-Associatioun no op der Plaz virum Palast versammelt, fir d'Léiwinnen ze feieren.