Vera Bertemes stellt neie Landesrekord op
Donieft hu sech d'Fanny Arendt an de Luc Dostert en zweeten Titel geséchert. De Mathis Espagnet huet senger Konkurrenz keng Chance gelooss.
Um drëtten Dag vun den nationale Liichtathleetik-Meeschterschaften am INS huet d'Vera Bertemes iwwer 5.000 Meter en neien nationale Rekord realiséiert. D'Leeferin vum Celtic Dikrech ass no 15:29,06 iwwer d'Arrivée gelaf. D'Kimberley Chin Fatt als Zweet (16:29,52) koum bal 1 Minutt méi spéit un, genee wéi d'Linda Krombach (16:24,07).
Der Vera Bertemes hire Mann, de Bob Bertemes, konnt sech iwwer déi selwecht Distanz (15:06,16) bei de Männer ganz knapp géint de Jimmy Keiffer (15:06, 47) duerchsetzen. Déi drëtt Plaz war fir den James Dunn (15:14,92) vum CSL.
D'Victoria Rausch huet an der Finall iwwer 100 Meter Hecken dem staarke Géigewand getrotzt an dës Disziplin an 13,28 Sekonne gewonnen. D'Athleetin vum Celtic Dikrech war mat dëser Zäit awer zefridden. Si kéint jo net all Weekend en neie Rekord lafen, sot si. D'Hannah Kramer gouf a perséinlecher Beschtzäit (14,54) déi Zweet an d'Zoe Hoffmann (14,96) Drëtt.

© Bern Thill
No hirer Victoire e Samschdeg iwwer 400 Meter war d'Fanny Arendt e Sonndeg iwwer 800 Meter un den Depart gaangen. Och hei konnt si e gudde Chrono (2:06,20) realiséieren a gewënnt kloer virun der Julia Ciccone an der Carole Thill. Fir d'Arendt sinn dës zwee Titelen e flotten Ofschloss vun enger laanger Saison.
De Mathis Espagnet ass der Konkurrenz iwwer d'Distanz vun 800 Meter dervugelaf. De Leefer vum CAS war mat 1:51,20 bal 10 Sekonne méi séier wéi den Zweete Gilles Kayser (2:00,14), dee sech en Duell mam Maurice Gierens (2:00,84) geliwwert huet. Den Espagnet war net esou frou mat senger Zäit, mee hie war ugeschloen un den Depart gaangen. Mat senger Saison ass de Leefer vum CAS awer ganz zefridden, well hien u villen internationale Rendez-vousen deelhuele konnt.

Genee wéi e Samschdeg iwwer d'100-Meter-Distanz war de Luc Dostert e Sonndeg och iwwer 200 Meter net ze schloen. Hie gewënnt a perséinlecher Beschtzäit vun 21,95 Sekonne knapp virum Alan Jéhanno (22,26) an dem Jim Kaell (22,27). Bei den Damme gewënnt d'Sophia Schaack (25,52) virun der Noemi Damaso Kohl (25,74) an der Sandrine Rossi (25,96).
An den techneschen Disziplinne waren et dës Resultater.
Am Stafhéichsprong gouf et eng duebel éischt Plaz, well d'Franséisin Julie Poupon an d'Lëtzebuergerin Lara Marx 3,05 Meter iwwersprongen hunn. D'Poupon gouf Championne de la FLA an d'Marx national Meeschterin. Fir d'Marx war et ausserdeem déi bescht Leeschtung an dëser Saison. Bei den Häre war den Titel fir de Joe Seil (4,30 m).
Am Javelot (Speerworf) war géint d'Noémie Pleimling kee Kraut gewuess. D'Athleetin vum CAD konnt de Speer direkt an hirem éischte Versuch 49,89 Meter wäit schleideren. Hire männleche Pendant ass de Max Wagner, dee mat 51,01 Meter iwwer den Titel freeë konnt.
An der Disziplin Héichsprong ware mat der Mia Bourscheid a Julie Craenen just zwou Dammen ugetrueden. Hei konnt sech d'Bourscheid mat 1,69 Meter den Titel sécheren.
Am Hummerwäitworf huet d'Sofia Snäll vum CSL de Lëtzebuerger Rekord vun 58,08 Meter egaliséiert; et war gläichzäiteg hir perséinlech Beschtleeschtung. Domat huet si haushéich virun der Isabeau Pleimling (48,55 m) an der Nadine Kremer (47,23 m) gewonnen. Bei den Häre goung d'Victoire un de Steve Weiwert mat 51,22 Meter virum Fransous Olivier Caron (41,69 m) an dem Gilles Lorang (40,89 m).
Am Wäitsprong ass d'Soraya De Sousa Moreira mat 5,59 Meter déi bescht Wäit vun der Saison gesprongen a konnt sech domat den Titel sécheren. D'Hannah Back koum mat 5,20 Meter op Plaz 2, virun der Nina Auxenfants mat 4,92 Meter. Bei den Häre war den Titel fir den Nils Liefgen, dee mat 7,07 Meter als eenzegen iwwer d'Mark vu 7 Meter gesprongen ass. De Louis Muller an de Bob Goebel haten allebéid 6,75 Meter opweises.