Lëtzebuerger Dammen an Hären an der Halleffinall, Seniors Mixtes eliminéiert

© Marc Burelbach / IFL
Op der Indiaca-Weltmeeschterschaft zu Tartu an Estland hunn d'Lëtzebuerger Hären an der Kategorie Open all hir Matcher an der Qualifikatioun gewonnen.
Am éischte Match géint den Titelverdeedeger aus Estland hunn d'Lëtzebuerger no e puer Ulafschwieregkeeten am éischte Saz nach e kille Kapp behalen. Den zweete Saz konnten d'Rout Léiwen awer souverän fir sech decidéieren. Mat 28-26 a 25-15 geléngt der Ekipp vum Pol André a Pol Assel e gudden Optakt an den Tournoi.
Am zweete Match vum Dag konnte Michel Faust a Co. dann och géint d'Belsch iwwerzeegen. Hei konnt een no engem klore 25-21 am éischte Saz dann och den zweete Saz mat 26-24 gewannen. No engem Match Paus stoungen d'Eidgenossen um Programm. D'Schwäizer waren zu kengem Ament an der Lag, de Lëtzebuerger hir Attacken ze verdeedegen. Deemno goung och dëse Match mat 2-0 (25-21, 25-20) un d'Lëtzebuerger.
Zum Ofschloss hu sech d'Lëtzebuerger nach misse géint Däitschland moossen. Hei sinn d'Rout Léiwen am éischte Saz nach ze vill Respekt an de Match gaangen. Eege Feeler hunn zum éischte Sazverloscht vum Tournoi (20-25) gefouert.
Am zweete Saz hunn d'Rout Léiwe Kampfgeescht gewisen. Et war eng stramm Ufanksphase wou keng Ekipp sech richteg ofsetze konnt. Bei 11-8 fir d'Lëtzebuerger hunn déi Däitsch mat engem Temps mort versicht, nees méi Struktur an hiert Spill ze kréien. Lëtzebuerg konnt den Ecart Ufanks gutt verdeedegen, bis et bei 20-19 nees spannend gouf.
Dëse Match hat um an niewent dem Terrain schonn de Charakter vun enger Finall. Ugedriwwe vun de Supporter hunn d'Lëtzebuerger d'Iwwersiicht behalen a mat engem 25-23 den Ausgläich an de Sätz realiséiert.
Den drëtte Saz war änlech spannend. Béid Ekippe wollte sech mat enger Victoire déi besser Ausgangspositioun fir d'Halleffinall erspillen. Um Enn konnte sech d'Lëtzebuerger freeën, déi den drëtte Saz mat 25-22 gewonnen hunn.
De Weltmeeschter vun 2008 geet deemno ongeschloen an d'Halleffinall e Freideg, wou de Géigner nach emol Schwäiz wäert heeschen.
De Lëtzebuerger Kader Hären Open:
Kris D'Exelle, Felix Mailänder, Pol Faber, Tim Kraemer, Tom Bertemes, Yann Bertemes, Sebastian Lang, Eric Nipperts, Michel Faust, Laurent Weber
An der Kategorie Dammen Open qualifizéiere sech d'Lëtzebuerger Dammen no enger Victoire géint d'Schwäiz als Drëtt fir d'Halleffinall
Nëmme véier Ekippe waren am Dammentournoi gemellt an domadder war schonn am Virfeld kloer datt ee géif an d'Halleffinall kommen. D'Fro war just: géint wien?
Virun dräi Joer sinn d'Schwäizer Damme virun Däitschland an Estland Weltmeeschter ginn an et war am Virfeld schwéier virauszesoen, wéi staark déi aner Natioune bei dëser Editioun wäerte sinn.
Am Optaktsmatch géint Däitschland haten d'Lëtzebuergerinnen et ganz schwéier. Déi Däitsch waren extrem gutt agespillt an hunn an allen Elementer de Match dominéiert. Déi logesch Suite war eng kloer 0-2 Defaite (9-25, 11-25).
No engem Match Paus konnten d'Lëtzebuergerinne géint den aktuelle Vizeweltmeeschter Estland uganks och näischt realiséieren. Den éischte Saz war gepräägt vu villen Eege-Feeler an enger staarker estnescher Offensiv (9-25).
D'Lëtzebuergerinnen hunn de Kapp awer net hänke gelooss. Mat neier Opstellung an enger besserer Defense konnte sech Moelee a Co. no schlechtem Optakt am zweete Saz (11-14) lues erukämpfen. Et koum zu enger spannender Schlussphas, wou d'Indiaca-Dammen als éischt zwee Matchbäll ofgewiert hunn, fir duerno den éischte Sazball zum 27-25 ze notzen.
Dëse Schwong konnt déi Lëtzebuerger Selektioun awer net mat an den decisiven drëtte Saz huelen, wou Estland nees mat 25-9 dominéiert huet. De gewonnene Saz huet awer Confiance ginn, fir de Match géint den Titelverdeedeger Schwäiz.
D'Schwäizerinnen hate bis dohinner nach keen Erfollegserliefnis ze verzeechnen. Voll motivéiert sinn d'Lëtzebuergerinnen hiren drëtte Match vum Dag ugaangen a konnte sech fréi mat sechs Punkten ofsetzen. Och wann den Ecart nach geschmolt ass, hat een awer ni d'Gefill, datt d'Lëtzebuergerinnen dëse Match kéinten aus der Hand ginn. Béid Sätz goungen u Lëtzebuerg, déi sech domat déi drëtt Plaz an der Tabell geséchert hunn an an der Halleffinall sech nach emol mat Estland moossen dierfen.
De Lëtzebuerger Kader Dammen Open
Mara Thiry, Jil Schmitz, Eve Albers, Jessie Fisch,Cheyenne Wagner, Nathalie Gerson, Anna Gerson, Stefka Hargiono, Carole Thoma, Karin Moelee
An der Senior Mixte (Ü40) sinn d‘Lëtzebuerger als Fënneften eliminéiert ginn
D'Lëtzebuerger Selektioun hat virun dräi Joer bei der WM zu Lëtzebuerg nach d'Goldmedail gewonnen. An de véier Matcher e Mëttwoch géint Estland, Däitschland, d'Schwäiz a Japan konnten d'Rout Léiwen eenzeg géint d'Schwäiz e Saz mathuelen. Dat sollt awer net duergoen, fir sech fir d'Halleffinall e Freideg ze qualifizéieren.
De Lëtzebuerger Kader Senior Mixte
David Pereira, Pascal Feltes, Rouven Watgen,Tom Schaack,Mike Derneden,Elisabeth Puraye, Tania Theis-Hubert, Nathalie Nipperts-Bill, Claudine Maller, Romy Bertemes
En Donneschdeg stinn d'Kategorien Open Mixte, Senior Hären a Senior Dammen um Programm.