Vum 4. bis den 8. August war an der Kockelschéier den Äxellence Camp, dee vum Club Hiversport-Patinage Luxembourg organiséiert gouf.

De Camp gouf net vun den üblechen Trainer vum Club gehalen. Grouss Nimm wéi den olympeschen Trainer Brian Orser, dee schonn déi verschiddenst olympesch Sportler a Gewënner gecoached huet, haten hire Wee op Lëtzebuerg fonnt, fir de Sportler hiert Wëssen ze vermëttelen. Fir hie war et wichteg, de richtegen Equiliber tëschent Freed um Sport an Technik un déi jonk Äiskonschtleefer weiderzeginn:

"Mir wëllen de Kanner d'Freed um Sport mat op de Wee ginn. Op der anerer Säit solle si awer och eppes fir hir Karriäre léieren, fir et gutt ze maachen. Ëm déi zwou Saache geet et haaptsächlech." 

Am ganzen hu 55 Sportler aus 24 verschiddene Länner um Camp deelgeholl. D'Äiskonschtleefer goufen a 4 Gruppen opgedeelt. D'Traineren, déi aus Kanada, den USA, Finnland an der Slowakei kommen, hunn an de verschiddensten Domainer trainéiert. All Grupp hat dräi Äis-Traininge pro Dag, wou un der Technik mee och un de Choreographien a Rotatioune geschafft goufen. Niewendru goufen et nach Trainingen, wou déi verschiddenst Elementer duerchgeholl a verbessert goufen, dëst dann awer niewent der Äispist.

D'Eliška Philippe, dat elo scho zanter 10 Joer Schlittschong fiert, hat fir déi zweete Kéier um Camp deelgeholl. No enger Woch intensivem Training ginn et dann awer och puer Momenter, déi der jonker Sportlerin an Erënnerung bleiwe wäerten. Den Training mat den internationalen Traineren huet him vill bruecht an nei Elementer koumen dobäi, mee d'Base goufen och verstäerkt. Dëst ass net nëmmen de Fall fir d'Eliška, mee fir déi meescht Participanten. Och de Brian Orser gesäit eng Evolutioun bei de jonke Sportler tëschent leschtem an dësem Joer, mee och bannent der Woch goufe Progrèse festgestallt.

D'ASBL, déi de Stage organiséiert huet, baséiert op Volontariat. D'Organisatioun fir esou ee Camp huet 9 Méint virdrunner ugefaangen. De Camp finanzéiert sech selwer duerch d'Frais d'Inscriptioun vun de Participanten, bestätegt d'Presidentin vum Comité, Mady Elvinger-Werner. No der Woch Stage ginn d’International Traineren erëm zeréck an hir Heemescht a fir d’Äiskonschtleefer heescht et, sech op déi nächst Saison, déi am Oktober ufänkt, ze konzentréieren.