Am Härebasket huet den T71 Diddeleng en neien – alen Trainer. Den Yves Defraigne kënnt nees zeréck an d’Forge du Sud.

D’lescht Saison waren déi Diddelenger mam 60 Joer ale Belsch Vizechampion ginn.

No der Analyse vum Saison-Optakt ass ee beim T71 zur Conclusioun komm, datt een fir d’éischt Ekipp en haaptberufflechen Trainer bräicht. Diddeleng hat sech jo nom 6. Spilldag vun hirem Coach Christophe Ney getrennt. An der Tëschenzäit hat d’Club-Ikon Tom Schumacher, dee Jugendtrainer beim T71 ass, den Interim gemaach.