Australian OpenAshleigh Barty wënnt 3. Grand Slam an hirer Karriär

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg de Moien eiser Zäit gouf zu Melbourne d'Finall vun den Australian Open bei den Damme gespillt.
© AFP

Hei konnt sech d’Lokalmatadorin Ashleigh Barty mat 6:3 a 7:6 géint d’US-Amerikanerin Danielle Collins duerchsetzen. Domat ass et déi éischt Victoire vun enger Australierin bei den Australian Open zanter 1978. D’Barty huet de ganzen Tournoi iwwer keen eenzege Saz verluer a war och e Samschdeg vun Ufank un dominant a konnt den éischte Saz kloer mat 6:3 fir sech decidéieren. Am 2. Saz sollt et dunn awer e Krack méi schwéier ginn. D’Collins huet hiert Spill adaptéiert a louch schonns wäit vir, ier d’Barty nach eemol opgedréint huet an de Saz nawell mat 7:6 gewonnen huet.

Fir d’Nummer 1 vun der Welt ass et nom Erfolleg bei de French Open 2019 a Wimbledon 2021 den drëtte Grand Slam, dee si gewonnen huet. Am Ganzen ass et de 15. Titel op der WTA-Tour fir déi 25 Joer al Australierin.

Back to Top
CIM LOGO