
En Donneschdeg den Owend gouf am Kader vun der Auslousung vun der Champions-League-Gruppephas och de beschten europäesche Futtballer aus der Saison 2018/2019 ausgezeechent.
Bei den Häre waren den Defenseur vu Liverpool Virgil van Dijk an déi zwee Offensiv-Staren Cristiano Ronaldo vu Juventus Turin an de Lionel Messi vu Barcelona nominéiert.
UEFA-Spillerin vum Joer gouf d’Englännerin Lucy Bronze vun Olympique Lyon, bei den Hären ass de Präis un den Hollänner Virgil van Dijk gaangen.
Zanter 2006 gouf kee Verteideger méi als europäesche Futtballer vum Joer ausgezeechent. Deemools hat den Italiener Fabio Cannavaro den Titel iwwerreecht kritt.
Fir déi 4. Kéier kritt de Lionel Messi vum Fc Barcelona d’Auszeechnung fir de beschte Stiermer.
Beschte Mëttelfeldspiller vun der leschter Champions League Saison gëtt den Frenkie de Jong vun Ajax Amsterdam.
De Virgil van Dijk vu Liverpool war déi lescht Saison de beschte Verteideger.
Als beschte Golkipper vum Joer gouf de Brasilianer Alisson vu Liverpool ausgezeechent.
De fréiere Manchester-United-Spiller Eric Cantona gouf mam UEFA President’s Award ausgezeechent.
Den UEFA-#EqualGame-Award ass u Borussia Dortmund an hir Fans gaangen, déi sech géint Rassismus agesat hunn. Den zweeten Award goung un de Scott Cunliffe, e Fan vu Burnley, deen d’lescht Saison op all Auswäertsmatch vu sengem Veräin gelaf ass an domadder 60.000 Euro fir de gudden Zweck gesammelt huet. Hien huet domadder méi wéi 5.000 Kilometer an engem Joer am Lafen hannert sech bruecht.