
Um Pabeier war et de Match vum Underdog Bergamo géint de grousse Favorit, dem Star-Ensembel vu Paräis.
An enger äusserst interessanter Partie war et d’Qualifikatioun fir de PSG. Bergamo louch no den éischte 45 Minutten 1:0 am Avantage, bannent 3 Minutten hunn d’Paräisser an der Schlussphas d’Partie gedréint.
1:0 Pasalic (27'), 1:1 Marquinhos (90'), 1:2 Choupo-Moting (90'+3)
Engagéiert op béide Säiten ass et lassgaangen, vun Ufank u goung et hin an hier. Ugefaange mat enger héichkaräteger Golgeleeënheet fir PSG duerch den Neymar, déi déi brasilianesch Vedette awer eleng virum Gol net ënnerkréie konnt. Duerno haten d’Italiener eng Rëtsch ganz gutt Chancen a kuerz virun der hallwer Stonn hu si sech och belount. Et war de Pasalic, dee mat engem herrleche Schoss de Ball an den ieweschte laangen Eck zierkele konnt.
Gelaf war nom 0:1 aus Siicht vum PSG nach näischt. Ëmmer nees hunn d’Fransousen et no vir versicht, e Gol ass no der 1. Hallschecht net erausgesprongen.
Mat Wuppes wollten d’Paräisser den 2. Duerchgang ugoen, gespillt huet awer an der Ufanksphas vun den zweete 45 Minutte just Bergamo. Dofir gouf kuerz virun der Stonn bei PSG den Mbappé agewiesselt, dëse sollt neie Schwong an de franséischen Ugrëff bréngen.
E richtege Spillfloss sollt och am weidere Verlaf vun der Partie bei Paräis net opkommen an esou goung et an déi lescht Véierelstonn. Op béide Säite gouf vill gewiesselt, wat der Flëssegkeet am Spill no vun de Paräisser guer net an d’Kaarte gespillt huet.
An awer sollt d’Kraaft um Enn bei den Italiener net duergoen. No engem äiskalen “Coup double” huet de PSG de Match gedréint. D’éischt war et den 1:1-Ausgläich vum Marquinhos, kuerz drop huet de Choupo-Moting d’Partie komplett gedréit.
Mat vill Reussite ass de Fransouse schliisslech d’Qualifikatioun fir d'1/2-Finall an der Kinneksklass gegléckt. Bergamo huet no enger couragéierter Champions-League-Campagne de Sprong an déi lescht 4 net gepackt.
En Donneschdeg spillt Leipzig géint Atletico Madrid, e Freideg spillt den FC Bayern da géint Barcelona. An e Samschdeg ass nach d’Partie tëscht Manchester City a Lyon.
All dës Matcher ginn um RTL ZWEE an och op RTL.lu live iwwerdroen.