Champions LeagueBayern dierf net a Rout spillen - Trikot verstéisst géint Uefa-Reglement

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch spillt Bayern München an der neier Play-off-Ronn vun der Kinneksklass géint Celtic Glasgow.
© AFP

Déi Münchener dierfen do allerdéngs net an hire rouden Trikote spillen, dës wieren nämlech net konform zu den Uefa-Reegelen, mellen däitsch Medien. Deemno géifen déi däischter Nummeren um Réck géint d’Siichtbarkeetsreegele verstoussen. De Kontrast wier net grouss genuch.

Fir an deene rouden Trikote spillen ze dierfen, hätt de Flocage missen ugepasst ginn. Well dëst awer wuel net geschitt ass, mussen d’Bayern op hiren zweeten oder drëtten Trikot zeréckgräifen.

Back to Top
CIM LOGO