
Nom Weiderkommen an der Champions League ënner der Woch huet Bayern München och an der Bundesliga näischt ubrenne gelooss. D’Ekipp vum Thomas Tuchel wënnt mat 4:2 géint den Opsteiger Heidenheim. D’Bayern hunn e bësse gebraucht, fir an de Match ze fannen, mee hunn hir Chancen duerno äiskal genotzt. De Kane huet mat senge Goler 16 a 17 fir eng 2:0-Avance zur Paus gesuergt.
Nom Säitewiessel huet Heidenheim de Match e bësse besser ënner Kontroll kritt a konnt mat zwee séiere Goler souguer ausgläichen, mee München huet direkt reagéiert a goung nees a Féierung. Uschléissend huet de Rekordmeeschter de Match kontrolléiert zu Enn bruecht an an de leschte Minutten nach fir de 4:2-Entstand gesuergt. D’Bayern si bis e Sonndeg provisoreschen Tabelleleader.
Dortmund muss an der Bundesliga déi zweet Néierlag hannerteneen astiechen. Nom 0:4 géint Bayern d’lescht Woch huet de BVB och beim staark opspillende VfB Stuttgart verluer, dat mat 1:2. An der éischter Hallschent huet Stuttgart déi Schwaarz-Giel phaseweis un d’Mauer gespillt, et war trotzdeem de Gaascht vun Dortmund, deen den éischte Gol schéisse sollt. Stuttgart huet seng vill Chancen net genotzt, konnt awer nach virun der Paus ausgläichen.
An der zweeter Hallschent hu sech béid Ekippen eng Rei Golchancen erausgespillt, awer eréischt den agewiesselte Guirassy konnt an der 82. Minutt op en Eelefmeter hin den zweete Gol fir seng Faarwe markéieren. Dortmund huet duerno nach emol alles no vir geheit, awer ouni Erfolleg.
Augsburg an Hoffenheim trenne sech leeschtungsgerecht 1:1. Béid Ekippe goungen am éischten Duerchgang couragéiert zu Wierk, et war awer Hoffenheim, dat duerch e Gol vum Weghorst mat der Féierung an d’Paus goung. Quasi direkt nom Säitewiessel huet Augsburg duerch den Demirovic ausgeglach. Kuerz drop gouf de Match fir e puer Minutten ënnerbrach, well en Zuschauer duerch e Knuppert op der Tribün blesséiert gouf. No dëser Ënnerbriechung goung de Flow vum Match e bësse verluer. Bis op eng gutt Chance vun Augsburg an der Nospillzäit war näischt Nennenswäertes dobäi.
Lescht Woch hat Mainz nach iwwerraschend géint Leipzig gewonnen, dëse Weekend koum en 0:0 bei Darmstadt zustanen. An enger langweileger éischter Hallschent huet sech d’Lokalekipp op d’Defense konzentréiert an huet Mainz domat de Match iwwerlooss, déi awer bis op eng Chance vum Barreiro net vill Zielbares zustane kruten. An den zweete 45 Minutten gouf de Match méi lieweg, well sech béid Ekippe Golchancen erausgespillt hunn, déi awer net de Wee an de Filet fonnt hunn.
Am Owesmatch hu sech Bochum a Köln1:1 getrennt, e Resultat, dat kenger vu béiden Ekippe weiderhëlleft. Am Kellerduell war et Bochum, dat besser an de Match komm war an an der 25. Minutt den 1:0 schéisse konnt. Köln hat wuel och e puer gutt Zeenen, mee de VfL hat méi vum Spill. Kuerz nom Säitewiessel goung et drënner an driwwer. Fir d’éischt hat Bochum zwou gutt Méiglechkeeten op den zweete Gol, dunn ass Köln duerch de Selke den 1:1 gelongen. Am weidere Verlaf sinn d’Westfalen ëmmer nees ugerannt, mee sinn ëmmer nees um Kölner Golkipp oder um Aluminium gescheitert.
E Freideg den Owend huet Gladbach duerch eng 4:0-Victoire géint Wolfsburg d’Kris bei Wëllef vergréissert.
Aner Resuméen aus dem internationale Futtball fannt Dir an dësem Artikel.
Klickt hei, fir op d’Säit mat all de Resultater ze kommen.
D’Klickt op de Match, fir d’Statistiken ze gesinn.