TurnenBieles klappt Nidderkuer mat 498:417

RTL Lëtzebuerg
No insgesamt 6 Disziplinne konnte sech d'Seniore vu Bieles domat de Championstitel sécheren.
Lëtzebuerger Championnat am Turnen
Insgesamt stounge fir d'Sportler 6 Übungen um Programm.
De Sport huet allerdéngs duerch déi Leeschtungen, déi gefuerdert ginn, Problemer fir Nowuess ze suergen

Um Samschdeg stoung zu Zolwer alles am Zeeche vum nationale Championnat am Turnen. Insgesamt waren et fir d'Athlete 6 Übungen, déi ze bewältege waren. Um Enn war et een Duell tëscht Bieles a Nidderkuer ëm de Championstitel.

Während sech bei de Junioren Éiter knapp duerchsetze konnt waren et bei den Hären déi Bieleser, déi d'Nues vir haten, dëst mat 498 Punkte géigeniwwer vu 417 Punkte fir Nidderkuer.

Trotz all de positiven Impressiounen ass et fir déi national Veräiner schwéier, de Nowuess laangfristeg un de Club an un de Sport ze bannen. Während et vill Kanner sinn, déi mam Turnen ufänken, verléiert allerdéngs ee groussen Deel den Interessi,  wann et ufänkt, méi serieux ze ginn a méi vun hinne verlaangt gëtt.

LINK: D'Resultater vum Championnat 2019

Back to Top
CIM LOGO