Nationale FuttballBilly Bernard verléisst no 26 Joer d'Fola

RTL Lëtzebuerg
Déi Escher Fola hat um Dënschdeg den Owend op eng Pressekonferenz invitéiert, haaptsächlech fir de Point ze maachen a puncto Transferten.
© Serge Olmo / RTL

Op der Pressekonferenz gouf och matgedeelt, datt d’Doyenne vum Lëtzebuerger Futtball eng Demande eragereecht huet, fir déi lescht Heemmatcher viru 600 Spectateure kënnen ze spillen.

Et war jo scho gewosst, datt den Achraf Drif, de Cédric Sacras an den Dejvid Sinani de Club géife verloossen. En anere bekannte Spiller, an zwar de Billy Bernard, geet fort an dat op Monnerech no 26 Joer bei der Fola. Mat Correia, Da Costa, Cabral, Caron an Hym hu wichteg Elementer hire Kontrakt bei den Escher verlängert.

De Pascal Welter iwwert déi 6 Spiller déi virgestallt goufen

Eng Hallef Dosen nei Spiller goufen op der Pressekonferenz virgestallt. De Belsch vun 31 Joer Grégory Grizez, deen zu Beerschot an der héchster belscher Liga aktiv war, huet de Wee op Esch fonnt. Aner bekannt Transferéierter sinn de Nenad Dragovic, dee scho vill BGL Ligue Erfarung huet a vu Rëmeleng kënnt, wéi och de Bruno Correia Mendes, dee beim RM Hamm Benfica spillt.

© Serge Olmo / RTL

Back to Top
CIM LOGO