
Den 48 Joer alen Däitsche souz zanter September 2019 beim VFL Bochum op der Trainerbänk. Bochum konnt no sechs Spilldeeg nach kee Punkt sammelen a steet dowéinst op der leschter Plaz an der Bundesliga. Dofir gesäit de Veräin keng aner Méiglechkeet, wéi sech vun hirem Trainer ze trennen. Den Heiko Butscher, Trainer vun der U19 zu Bochum, iwwerhëlt dëse Posten am Interim. Wéi et fir den Thomas Reis viru geet, steet nach net fest.