Schi AlpinBrignone an Hütter am Super-G zäitgläich op der éischter Plaz

RTL Lëtzebuerg
Um Sonndeg ass am Schi Alpin bei den Dammen déi lescht Course virun den Olympesche Spiller zu Peking gefuer ginn.
Fir d'Federica Brignone war et déi drëtt Victoire am Super-G an dëser Saison.
Fir d’Federica Brignone war et déi drëtt Victoire am Super-G an dëser Saison.
© AFP (Archiv)

Federica Brignone an d’Cornelia Hütter stoungen am Super-G zu Garmisch-Partenkirchen zesumme ganz uewen um Podium. Brignone hat mat enger Zäit vun 1:18,19 Minutte virgeluecht. Déi Zäit konnt vu kenger Participante méi ënnerbuede ginn. Dem Cornelia Hütter ass awer d’Konschtstéck gelongen, mat genee der selwechter Zäit iwwer d’Arrivée ze fueren. Op déi drëtt Plaz koum d’Éisträicherin Tamara Tippler mat engem Retard vun 82 Honnertstel.

Back to Top
CIM LOGO