Schottesche FuttballCeltic Glasgow kann de 50. Championstitel feieren

RTL Lëtzebuerg
Nom 3:0-Erfolleg zu Aberdeen konnt sech d'Ekipp vum Neil Lennon fir déi 8. Kéier hannereneen d'Meeschterkroun opsetzen.
© afp

Ee Punkt wier e Samschdeg u sech duergaangen, fir fréizäiteg Champion ze ginn. Ma de Lustig, Simunovic an Edourd hunn awer mat hire Goler fir den 3:0-Auswäertssuccès gesuergt.

Fir Celtic ass dëst de 50. Championstitel an der Veräingeschicht - soumat si si elo just nach 4 Titele vun hire Rivalen, de Rangers, fort.

Back to Top
CIM LOGO