Indoor-Meeting an der CoqueCharel Grethen verbessert 39 Joer ale Lëtzebuerger Rekord

RTL Lëtzebuerg
Nieft dem Charel Grethen iwwer 3.000 Meter huet de Bob Bertemes fir en nationale Rekord iwwer 2.000 Meter gesuergt.
© photo by SPORTS NEWS & PHOTO Agency

An der Liichtathletik gouf e Samschdeg an der Coque e weidere Regio Meeting organiséiert. An do huet de Charel Grethen den 39 Joer ale Lëtzebuerger Rekord vum Justin Gloden iwwer 3.000 Meter (8'06''6) verbessert. De Mëttelstrecke-Leefer ass bei senger Victoire eng Zäit vu 7 Minutten, 48 Sekonnen an 19 Honnertstel gelaf a war domadder ronn 18 Sekonne méi séier wéi den ale Rekord vum Gloden aus dem Joer 1983.

Mat dëser Zäit huet sech de Charel Grethen och fir d’Indoor-WM zu Belgrad qualifizéiert. Iwwert d'1500 Meter ass hien och scho qualifizéiert.

Dem Bob Bertemes ass en neie Lëtzebuerger Rekord iwwer 2.000 Meter gelongen. Bis ewell gouf et hei nach keen nationale Rekord. D’Norm stoung bei 5 Minutten a 26 Sekonnen. Fir de Lëtzebuerger ass de Chrono no 5 Minutten, 13 Sekonnen a 64 Honnertstel stoe bliwwen. Hien huet d’Course och gewonnen.

Fir e weidere Lëtzebuerger Rekord huet dann nach d’Stéphanie Krumlovsky gesuergt. Am Bommstoussen huet si hiren eegene Rekord ëm 5 Zentimeter op elo 14,70 Meter verbessert.

Da goufen et och nach zwou nei Beschtleeschtungen duerch de Gil Weicherding bei den Espoiren iwwer 2.000 Meter an duerch d’Mara Krombach bei de Cadets iwwer 3.000 Meter.

Back to Top
CIM LOGO