
Un engem louch et wuel net. De Patrick Mahomes, Quarterback vun den Chiefs, huet nees iwwer 321 Yards gepasst a keng Interception gehäit. An awer haten d'Colts d'Iwwerhand an dësem Match. An der Paus louche si schonn 13:10 vir. An den zweeten 30 Minutten ass kengem vu béiden Ekippe méi en Touchdown gelongen, ma d'Colts hunn 2 Mol per Fieldgoal markéiert an d'Chiefs just eng Kéier. Esou wannen d'Colts knapp an awer verdéngt zu Kansas City géint d'Chiefs mat 19:13.
Et war enk a spannend, wéi déi zwou wëll Kazen openee getraff sinn. Béid Ekippen trieden aktuell ouni hir, virun der Saison, definéiert Nummer 1 Quarterbacks un an obwuel dem Minshew seng Statistiken besser wéi dem Allen seng sinn, konnte seng Jaguars sech bei de Panthers net duerchsetzen. Schonn nom éischte Quarter stoung et 14:7 fir Panthers an an der Paus ware si 21:17 vir. Dono hu si nach op 28:17 erhéicht an d'Jags sollten awer net méi bäikommen. Esou steet et zum Schluss 34:27 fir d'Heemekipp aus Carolina.

NFL-International-Games hunn dëse Weekend gestart. D'Raiders hunn op en Heemmatch zu Oakland verzicht an hunn d'Bears zu London am neien Tottenham-Stadion empfaangen. An et sollt eng gutt Rees fir d'Raiders ginn. No engem dréchenen 0:0 an den éischte Quarter hu si 17 Punkten am zweete Véierel gemaach. Nom Säitewiessel hunn d'Bears de Match du gedréint an 21 Punkten a 15 Minutte gemaach. Ma dat sollt net duergoen, well am leschte Quarter hunn d'Raiders als eenzeg Punkten op d'Board bruecht a sou wanne si ganz kanpp mat 24:21 géint d'Bears.
Et war kee ganz gudden Dag fir d'Cowboys. Schonn an der Paus ware si 0:17 géint d'Packers hannen, an hunn och am drëtte Quarter nach e bëssi verluer. Déi lescht 15 Minutten hu si dunn dominéiert, ma de Réckstand war ze grouss, fir datt si vun hirem 14:3 nach konnte profitéieren. Esou verléiere si mat 24:34 doheem géint Green Bay.
No dësem Spilldag sinn d'Patriots, déi 33:7 géint d'Redskins gewanne konnten, déi eenzeg Ekipp, déi nach kee Match verluer hunn. Och d'49ers hunn nach keng Néierlag ze verbuchen, ma si trieden e Méindeg den Owend nach géint d'Browns un.
Rams - Seahawks 29:30
Jaguars - Panthers 27:34
Cardinals - Bengals 26:23
Falcons - Texans 32:53
Buccaneers - Saints 24:31
Vikings - Giants 28:10
Bears - Raiders 21:24
Jets - Eagles 6:31
Ravens - Steelers 26:23
Bills - Titans 14:7
Patriots - Redskins 33:7
Broncos - Chargers 20:13
Packers - Cowboys 34:24
Colts - Chiefs 19:13