Internationale FuttballCity bei 2:0-Victoire ouni Problemer géint Fulham

RTL Lëtzebuerg
Um 32. Spilldag an der englescher Premier League goufen et Victoire fir Man City a Man United. A Spuenien entscheet de Messi de Barcelona-Derby.
© afp

Premier League

Fulham - Man City 0:2

Am Stadion Craven Cottage zu London ass den Titelverdeedeger Man City ugetrueden. Dem Trainer Guardiola seng Ekipp ass an der 5. Spillminutt duerch de Silva a Féierung gaangen. Kuerz virun der hallwer Stonn konnt dunn den Agüero op 2:0 erhéijen.

Am 2. Duerchgang haten d’Skyblues Chancen, fir weider Goler ze markéieren, ma um Enn blouf et awer beim 2:0 fir d’Gäscht. Domat huet Fulham déi 8. Kéier hannerenee verluer.

Man United - Watford 2:1

Am Old Trafford konnt sech Manchester United déi dräi Punkte géint den Underdog vu Watford sécheren. An der 28. Spillminutt huet de Rashford d’Red Devils a Féierung geschoss, no der Paus war et dunn de Martial, deen op 2:0 setze konnt.

An der 90. Spillminutt konnt den Doucouré fir Watford treffen, dëse Gol huet awer näischt méi un der 1. Victoire vum Solskjaer als Cheftrainer bei United geännert.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League

La Liga

Barcelona - Espanyol 2:0

Am Camp Nou Stadion gouf e Samschdeg de Mëtteg den Barcelona-Derby gespillt. D’Heemekipp war natierlech favoriséiert, ma et huet awer bis an déi 71. Spillminutt gedauert bis de Messi de Barca a Féierung schéisse konnt.

Espanyol konnt an der Schlussminutten der Defaite näischt méi entgéintsetzen, soudatt Barcelona de Virsprong an der Tabell weider oprecht erhale kann. An der 89. Spillminutt konnt de Messi souguer nach een dropsetzen a soumat dem Barça eng 2:0-Victoire sécheren.

Alaves - Atl. Madrid 0:4

Staark huet dem Trainer Diego Simeone seng Formatioun beim Auswäerts-Match bei Deportivo Alaves ugefaangen. An der 5. Spillminutt huet de Saul Niguez d’Colchoneros a Féierung bruecht, éier den Diego Costa nëmme 6 Minutten drop op 2:0 erhéicht huet.

Och am 2. Duerchgang war den Atletico Alaves eng Schonggréisst ze grouss. An der 59. Minutt huet de Morata de Score op 3:0 gesat an an der Schlussphas konnt den Thomas souguer nach de 4:0 markéieren.

LINK: Den Iwwerbléck vun der La Liga

Serie A

Juventus - Empoli 1:0

Bei der Juve steet den Ament ee Mann am Fokus: de Moise Kean. Den Englänner huet an de leschte Partien vun de Bianconeri ëmmer nees an Evidence gesat, wéi och um Samschdeg.

An der 69. Spillminutt ass dat jonkt Nowuesstalent agewiesselt ginn an an der 72. huet hien den decisiven 1:0 fir seng Faarwe markéiert.

© afp

Sampdoria - Milan 1:0

Am Kampf ëm eng Champions-League-Plaz huet den AC Milan missen ee Réckschlag hinhuelen. D’Rossoneri hunn d’Ufanksphas komplett verschlof a schonn an der 1. Spillminutt den 1:0 kasséiert. Et war den Defrel, dee seng Ekipp am heemsche Luigi-Ferraris-Stadion an den Avantage bruecht hat.

An der 2. Hallschecht hat d’Ekipp vum Gennaro Gattuso keng Solutioun op d’Defensiv-Spill vun der Samp, soudatt et beim 1:0 fir d’Heemekipp blouf.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A

Ligue 1

Marseille - Angers 2:2

OM ass doheem séier mat 2:0 an Avantage geroden, dat wéi de Mario Balotelli an der 4. an an der 16. Spillminutt markéiere konnt. Angers krut dunn awer zwee Eelefmeter akkordéiert - deen een nach an der 36. Minutt, deen de Mangani era gesat huet. Deen aneren an der 77. an och deen huet de Mangani fir seng Faarwe getraff.

© afp

LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1

LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga

Back to Top
CIM LOGO