
An hei gouf et eng souverän Victoire vun der Schwäizerin Corinne Suter. Si hat um Enn eng Avance vun 51 Honnertstel op hir Landsfra Jasmine Flury. Déi drëtt Plaz goung un d’Cornelia Hütter. D’Éisträicherin hat ee Retard vun 78 Honnertstel op d’Gewënnerin.