
Man. United - Crystal Palace 1:3
0:1 Townsend (7'), 0:2, 1:3 Zaha (74', 85'), 1:2 van de Beek (81')
Fir d’Red Devils war et de Saisonsoptakt um 2. Spilldag vun der Premier League géint Crystal Palace, dat well si an der Europa League bei der Schlussronn dobäi waren. Géint Palace ass een dann och net optimal gestart, d’Gäscht si fréi am Match a Féierung gaangen.
Déi 2. Hallschecht am Old Trafford goung weider net zum allerbeschte fir United weider. Chance hat d’Ekipp vum Trainer Solskjaer, wéi d’Gäscht en Eelefmeter verschoss hunn. Ma kuerz drop war et den 2:0 fir den Underdog. United konnt den Uschlossgol nach schéissen, de Zaha huet mat engem 2. Gol awer den Deckel definitiv op d’Partie geluecht.