Schlecht Nouvelle fir de FuttballDave Turpel a Kevin Malget hu sech wärend Preparatioun blesséiert

RTL Lëtzebuerg
Keng gutt Nouvelle also fir de Swift Hesper a fir d'Futtball-Nationalekipp.
© RTL

Den Dave Turpel an de Kevin Malget hu sech an der Preparatioun mat hirem Club blesséiert. Beim Turpel ass de Meniskus gerass.

De Stiermer muss operéiert ginn, an dierft ronn 6 Wochen ausfalen. Beim Malget steet déi genee Diagnos nach net fest.

A 4 Woche soll de Championnat an der BGL-Ligue jo ufänken. A 6 Wochen hunn d'Rout Léiwen hir éischt Matcher an der Nations League.

Back to Top
CIM LOGO