Krankheet net auskuréiertDe Charel Grethen geet net bei der Liichtathletik-EM un den Depart

RTL Lëtzebuerg
E Freideg ass zu Roum den Optakt vun der Europameeschterschaft an der Liichtathletik.
© AFP

De Charel Grethen sollt hei iwwer 1.500 Meter un den Depart goen. De Mëttelstreckespezialist huet awer elo annoncéiert, datt hien net ka starten. Hien ass wärend engem Openthalt a Marokko krank ginn an huet sech nach net komplett erholl.

Bis elo ass hien nach net fir d‘Olympesch Spiller zu Paräis qualifizéiert.

Charel Grethen net bei der Liichtathletik-EM / Rich Simon

Back to Top
CIM LOGO