Futtball: WM-QualifikatiounDe Match Lëtzebuerg-Serbien ass sold-out

RTL Lëtzebuerg
De Virverkaf huet den 29. September um 12 Auer ugefaangen, ma no mol net 4 Stonne waren d'Tickete vergraff.
© Domingos Oliveira / RTL (Archiv)

Den 9. Oktober spillt d’Lëtzebuerger Futtball-Nationalekipp an der WM-Qualifikatioun am Stade de Luxembourg géint Serbien.

D’Futtball Federatioun huet e Mëttwoch am Nomëtteg, nodeems de Virverkaf um 12 Auer lancéiert gouf, matgedeelt, datt alleguerten d’Tickete fir déi normal Tribüneplaze fort sinn. Et gi just nach Tickete fir de sougenannte Business Club.

Wéinst de Covid-Restriktiounen, däerfe just 2.000 Leit bei dësem Match mat dobäi sinn.

PDF: Schreiwes vun der FLF

Back to Top
CIM LOGO