
Den 19 Joer alen hollänneschen Nationalspiller, deen als Kapitän vun Ajax Amsterdam bis an d’Halleffinall vun der Champions League koum, huet sech mam Veräin vum Cristiano Ronaldo gëeenegt. E Mëttwoch ass nach de Medezineschen Test an dann dierft de Wiessel wuel komplett an dréchenen Dicher sinn.
No der staarker Saison an der hollännescher héchster Spillklass, der Champions League a mat der Nationalekipp ware vill vun den europäesche Spëtzeveräiner hannert dem jonke Verdeedeger hier.