Mat iwwer 200 Kilometer ass et déi längsten Etapp vum Tour 2026. Vun Dole geet et Richtung Nordosten, iwwer kleng Hiwwele
nërdlech laanscht Besançon, duerch Lure, d'Heemecht vum fréiere Profi Thibaut Pinot, a Richtung Vogesen. Déi éischt 150 Kilometer si relativ onopfälleg, éier d'Streck méi usprochsvoll gëtt. Fir sech opzewiermen, waart de fënnef Kilometer laange Col de la Croix (3. Kategorie). Ier da mam Ballon d'Alsace e Bierg vun der éischter Kategorie ze bewältegen ass. Iwwer néng Kilometer geet et erop op 1100 Meter. Duerno geet et 30 Kilometer gréisstendeels biergof. Kuerz virun der Arrivée zu Belfort gëtt et nach emol eng Montée vun 800 Meter. En Dag fir Attacken.
13 Etapp - Den Expert Tom Flammang
Mir iwwerdroen de Programm vun RTL op RTL.lu an RTL Play.
Commentaire: Tom Flammang, Kim Kirchen
Weider Infoe vun der 13. Etapp
Mir iwwerdroen de Programm vun RTL op RTL.lu an RTL Play
Commentaire: Tom Flammang a Kim Kirchen
Freideg, 17. Juli vu 15:00 - 18:30 Auer:
13. Etapp - hiwweleg Etapp - Dole > Belfort, 205.8 km
Samschdeg, 18. Juli vu 15:00 - 18:05 Auer:
14. Etapp - Biergetapp - Mulhouse > Le Markstein Fellering, 155.3 km
Sonndeg, 19. Juli vu 15:00 - 18:25 Auer:
15. Etapp - Biergetapp - Champagnole > Plateau de Solaison, 183.9 km
Méindeg, 20. Juli:
Roudag - Haute-savoie
Dënschdeg, 21. Juli vu 15:00 - 18:20 Auer:
16. Etapp - Zäitfueren - Évian-les-Bains > Thonon-les-Bains, 26.1 km
Mëttwoch, 22. Juli vu 15:20 - 18:00 Auer:
17. Etapp - flaach Etapp - Chambery > Voiron, 174.7 km
Donneschdeg, 23. Juli vu 15:00 - 18:00 Auer:
18. Etapp - Biergetapp - Voiron > Orcières-Merlette, 185.2 km
Freideg, 24. Juli vu 15:30 - 18:15 Auer:
19. Etapp - Biergetapp - Gap > Alpe d'Huez, 127.9 km
Samschdeg, 25. Juli vu 14:00 - 17:00 Auer:
20. Etapp - Biergetapp - Le Bourg d'Oisans > Alpe d'Huez, 170.9 km
Sonndeg, 26. Juli vu 17:00 - 20:25 Auer:
21. Etapp - flaach Etapp - Thoiry > Paris Champs-Élysées, 133 km