Tour de France LIVE: Pau > Gavarnie-GèdreDéi sechst Etapp vu 15:00 Auer op der Tëlee, RTL.lu an um RTL Play

RTL Lëtzebuerg
Den TdF live bis e Sonndeg, de 26. Juli um 1. RTL, op RTL.lu, op der App an um RTL Play gëtt d'Course och am Livestream iwwerdroen.

Um sechsten Dag vum Tour de France 2026 steet déi bis elo schwéierst Etapp um Programm. Vu Pau geet et iwwer de Col d’Aspin an de legendäre Col du Tourmalet bis op d'Biergarrivée zu Gavarnie-Gèdre. D'Schlussmontée ass nei a läit an engem wonnerschéinen Nationalpark, déi zwee Bierger virdru gehéieren dogéint schonn zanter iwwer 115 Joer zu de grousse Klassiker vun der Grande Boucle. D'Kombinatioun aus deenen zwee legendäre Päss an der neier Finall mécht d'Etapp besonnesch interessant: Wien am General Zäit wëll guttmaachen, muss wuel schonn um Tourmalet – ronn 40 Kilometer virun der Arrivée – attackéieren. D'Schlussmonté ass mat hire knapp 20 Kilometer zwar laang, mä dofir awer net extrem géi. Am Schnëtt huet se eng Pente vun 3,7 Prozent an ass als Bierg vun der 2. Kategorie klasséiert.

Mir iwwerdroen de Programm vun RTL op RTL.lu an RTL Play
Commentaire: Tom Flammang, Kim Kirchen

6. Etapp - Pau > Gavarnie-Gèdre, 186.2 km (Biergetapp)

Weider Infoe vun der 6. Etapp

6 Etapp - Den Expert Tom Flammang

Tour de France: Livestream Programm

Mir iwwerdroen de Programm vun RTL op RTL.lu an RTL Play
Commentaire: Tom Flammang a Kim Kirchen

Donneschdeg, 9. Juli vu 15:00 - 18:05 Auer:
6. Etapp - Biergetapp - Pau > Gavarnie-Gèdre, 186.2 km

Freideg, 10. Juli vu 15:00 - 17:55 Auer:
7. Etapp - flaach Etapp - Hagetmau > Bordeaux, 175.1 km

Samschdeg, 11. Juli vu 15:00 - 18:00 Auer:
8. Etapp - flaach Etapp - Périgueux > Bergerac, 180.4 km

Sonndeg, 12. Juli vu 15:00 - 18:30 Auer:
9. Etapp - hiwweleg Etapp - Malemort > Ussel, 185.5 km

Méindeg, 13. Juli:
Roudag - Cantal

Dënschdeg, 14. Juli vu 15:00 - 18:00 Auer:
10. Etapp - Biergetapp - Aurillac > Le Lioran, 166.6 km

Mëttwoch, 15. Juli vu 15:20 - 18:10 Auer:
11. Etapp - flaach Etapp - Vichy > Nevers, 161.3 km

Donneschdeg, 16. Juli vu 15:00 - 18:15 Auer:
12. Etapp - flaach Etapp - Circuit Nevers Magny-Cours > Chalon-sur-Saône, 179.1 km

Freideg, 17. Juli vu 15:00 - 18:30 Auer:
13. Etapp - hiwweleg Etapp - Dole > Belfort, 205.8 km

Samschdeg, 18. Juli vu 15:00 - 18:05 Auer:
14. Etapp - Biergetapp - Mulhouse > Le Markstein Fellering, 155.3 km

Sonndeg, 19. Juli vu 15:00 - 18:25 Auer:
15. Etapp - Biergetapp - Champagnole > Plateau de Solaison, 183.9 km

Méindeg, 20. Juli:
Roudag - Haute-savoie

Dënschdeg, 21. Juli vu 15:00 - 18:20 Auer:
16. Etapp - Zäitfueren - Évian-les-Bains > Thonon-les-Bains, 26.1 km

Mëttwoch, 22. Juli vu 15:20 - 18:00 Auer:
17. Etapp - flaach Etapp - Chambery > Voiron, 174.7 km

Donneschdeg, 23. Juli vu 15:00 - 18:00 Auer:
18. Etapp - Biergetapp - Voiron > Orcières-Merlette, 185.2 km

Freideg, 24. Juli vu 15:30 - 18:15 Auer:
19. Etapp - Biergetapp - Gap > Alpe d'Huez, 127.9 km

Samschdeg, 25. Juli vu 14:00 - 17:00 Auer:
20. Etapp - Biergetapp - Le Bourg d'Oisans > Alpe d'Huez, 170.9 km

Sonndeg, 26. Juli vu 17:00 - 20:25 Auer:
21. Etapp - flaach Etapp - Thoiry > Paris Champs-Élysées, 133 km

Back to Top
CIM LOGO