Fir d'Coureure geet et an déi lescht Woch vum Tour de France 2026. Lancéiert gëtt dës mat engem Zäitfueren iwwer 26,1 Kilometer. Vun Évian-les-Bains féiert de Parcours op Thonon-les-Bains. Vum Start fort steigt d'Streck iwwer knapp zéng Kilometer erop op d'Côte de Larringes, duerno geet et eng séier, technesch usprochsvoll Descente erof an dat geet et déi lescht néng Kilometer flaach bis op d'Arrivée.
Op dëser Streck si komplett Zäitfuerer gefrot, déi eng méi laang Montée gläichméisseg eropfuere kënnen, technesch staark sinn, fir am biergof keng Zäit ze verléieren, an dann um flaachen nach emol eng héich Leeschtung ofruffe kënnen.
16 Etapp - Den Expert Tom Flammang
Mir iwwerdroen de Programm vun RTL op RTL.lu an RTL Play.
Commentaire: Tom Flammang, Kim Kirchen
Weider Infoe vun der 16. Etapp
Mir iwwerdroen de Programm vun RTL op RTL.lu an RTL Play
Commentaire: Tom Flammang a Kim Kirchen
Dënschdeg, 21. Juli vu 15:00 - 18:20 Auer:
16. Etapp - Zäitfueren - Évian-les-Bains > Thonon-les-Bains, 26.1 km
Mëttwoch, 22. Juli vu 15:20 - 18:00 Auer:
17. Etapp - flaach Etapp - Chambery > Voiron, 174.7 km
Donneschdeg, 23. Juli vu 15:00 - 18:00 Auer:
18. Etapp - Biergetapp - Voiron > Orcières-Merlette, 185.2 km
Freideg, 24. Juli vu 15:30 - 18:15 Auer:
19. Etapp - Biergetapp - Gap > Alpe d'Huez, 127.9 km
Samschdeg, 25. Juli vu 14:00 - 17:00 Auer:
20. Etapp - Biergetapp - Le Bourg d'Oisans > Alpe d'Huez, 170.9 km
Sonndeg, 26. Juli vu 17:00 - 20:25 Auer:
21. Etapp - flaach Etapp - Thoiry > Paris Champs-Élysées, 133 km