Champions LeagueDéifferdeng muss an der Qualifikatioun géint Klaksvik spillen

RTL Lëtzebuerg
De Lëtzebuerger Champion muss am 1. Tour vun der Champions-League-Qualifikatioun géint Klaksvik vun de Färöer Inselen untrieden.
© Domingos Oliveira

Den Allersmatch ass den 9. oder 10. Juli an de Retourmatch de 16. oder 17. Juli. Den éischte Match muss den FCD03 auswäerts untrieden. Am Fall vun enger Victoire kritt Déifferdeng et am 2. Tuer mat Malmö ze dinn, wéi nom Tirage e Mëttwoch bekannt gouf.

Futtball: CL-Auslousung/Reportage Franky Hippert

Back to Top
CIM LOGO