Schi-AlpinDen Albert Popov wënnt den Nuetsslalom zu Madonna di Campiglio

RTL Lëtzebuerg
Beim Weltcup-Slalom am Schi-Alpin zu Madonna di Campiglio gëtt et um Enn eng Victoire vum Albert Popov.
© PIERRE TEYSSOT AFP

De Bulgar fiert an der éischter Manche eng Zäit vun 53,04 Sekonnen a brauch am zweeten Duerchgang 52,18 Sekonnen. Um Enn kënnt hien op eng Gesamtzäit vun 1:45,22 Minutten. Op de Plazen zwee an dräi klasséiere sech de Schwäizer Loïc Meillard an de Kroat Samuel Kolega. Dat mat engem Retard vun 0,44 respektiv 0,46 Sekonnen.

Back to Top
CIM LOGO