FutsalDen FC Déifferdeng 03 qualifizéiert sech fir d'Champions-League-Haaptronn

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg konnt sech d'Ekipp aus der Forge du Sud mat 4:3 géint KF Tirana aus Albanien duerchsetzen an domat och den 3. Match gewannen.
© FC Differdange 03 Futsal / Facebook

De Match war alles anescht wéi gutt ugaangen, well no 23 Minutte louchen déi Déifferdenger scho mat 0:3 hannen. Si hu sech awer mat enger phänomenaler Leeschtung zeréck an de Match gekämpft an duerch 2 Goler vum Rochard Rejala an engem vum Hugo Martinez bis déi 30. Minutt konnten ausgläichen. Den decisive Gol ass an enger hëtzeger Schlussphas an der 38. Minutt gefall, wéi den Daniel Oliveira Garrido de 4:3 geschoss huet.

Am 1. Match hat Déifferdeng mat 13:0 géint de Belfast United Futsal Club (Nordirland) gewonnen. Géint APOEL FC aus Zypern gouf et eng 7:1-Victoire.

Domat steet Déifferdeng no 3 Victoiren aus 3 Matcher mat 9 Punkten op Plaz 1 vun der Grupp G a qualifizéiert sech fir d’Haaptronn vun der Champions League.

Si kommen an der Haaptronn an de Grupp 8 mat Chrudim aus Tschechien, Shkupi 1927 aus Mazedonien, an dem Virronne-Gewënner aus der Grupp H, deen eréischt nom leschte Match um Sonndeg den Owend feststeet.

D’Haaptronn gëtt vum 25.-30. Oktober a Mazedonien gespillt, wou dann erausfonnt gëtt, wie sech fir d’Eliteronn qualifizéiert, déi vum 22.-27. November gespillt gëtt.

Back to Top
CIM LOGO