
De Routinier war leschte Summer eréischt bei de PSG gewiesselt, hat allerdéngs och nëmmen e Vertrag vun engem Joer ënnerschriwwen. Souwuel de Buffon wéi och de PSG hu sech drop gëeenegt, de Kontrakt net ze verlängeren.
Den 41 Joer alen Italiener huet a sengem Statement nach eemol de Fans “Merci” gesot a betount, dass seng Aventure ausserhalb vun Italien elo eriwwer wier. Ob de Buffon elo ee Schlussstréch ënnert seng Karriär zitt, ass nach net gewosst.