
Dem Noriichtesender Sky no wier den 42 Joer alen Dino Toppmöller de Wonschtrainer vun der Eintracht, fir Nofollger vum Oliver Glasner ze ginn.
Den Dino Toppmöller hat jo 2018 den F91 Diddeleng sensationell bis an d‘Europa League Gruppephase bruecht a fir d‘lescht war hien als Co-Trainer vum Julian Nagelsmann beim FC Bayern München aktiv. Nom Out vum Julian Nagelsmann beim FC Bayern, huet den Dino Toppmöller aktuell nach keen neien Job als Trainer oder Co-Trainer fonnt. Allerdéngs huet hien awer nach e Kontrakt bei de Bayern.